D'Stater Pompjeeë waren e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg an d'Rue Nicolas Ries an de Rollengergronn geruff ginn, well hei eng Roulotte a Flame stoung. D'Rettungsekippe ware séier op der Plaz a konnten d'Feier ënner Kontroll bréngen. Gefor, datt sech d'Flamen awer ausbreeden hätt net bestanen.