Background am Gespréich (4. Juli) mam Elisabeth Margue"D'Justiz muss effikass kënne schaffen"

Fanny Kinsch
Claudia Kollwelter
E Samschdeg war d'Justizministesch Elisabeth Margue eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Jugendstrofrecht, Social-Media-Verbuet, Sécherheet a laang Delaien
E Samschdeg ass d'Justizministesch Elisabeth Margue eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Background am Gespréich: Elisabeth Margue

Hir Prioritéit wier et vun Ufank u gewiescht, datt d'Justiz effikass kéint schaffen. Dat sot d'Justizministesch Elisabeth Margue e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich. Zwee an en halleft Joer no hirem Amtsuntrëtt zitt d'CSV-Ministesch e positiven Tëschebilan. Wichteg Piliere fir d'Elisabeth Margue waren déi lescht Joren d'Digitaliséierung, méi séier Geriichtsprozeduren an eng personell Verstäerkung vun de Geriichter. An de leschten dräi Joer wieren ëmmerhin 100 nei Riichterposte geschaaft ginn, wat e Plus vun 30% ass.

E wichtege Projet bleift d'Reform vum Jugendstrofrecht

De Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht solle jo kloer vunenee getrennt ginn, mat engem staarke Fokus op Reinsertioun an alternativ Mesuren amplaz vu Prisongsstrofen. Der Ministesch no ass déi aktuell Gesetzgebung net méi un d'Realitéit ugepasst. Trotz Kritik vu Mënscherechts- a Kannerrechtsorganisatiounen hält d'Regierung um Mindestalter vun 13 Joer fir d'Jugendstrofrecht fest. Gläichzäiteg soll de Fokus op Reinsertioun an alternativ Mesurë geluecht ginn, éier et zu enger Prisongsstrof kënnt. D'Elisabeth Margue huet ënnerstrach, datt een zanter engem Joer op den Avis vum Staatsrot waart an d'Ministesch hofft, datt deen nach virum Summer kënnt. Et wier eng grouss Reform, déi genee suivéiert misst ginn.

Social-Media-Verbuet bleift politescht Zil

D'Elisabeth Margue schwätzt sech weider fir e Verbuet vu soziale Medie fir Jonker aus, betount awer, datt dëst op europäeschem Niveau misst kommen. Si gesäit net nëmmen d'Inhalter als Problem, mee och de Fonctionnement vun de Plattformen, déi dorop ausgeriicht sinn, d'Benotzer sou laang wéi méiglech online ze halen. Nieft engem méigleche Verbuet fuerdert d'Ministesch méi streng Alterskontrollen, sécher Plattforme mat manner riskante Funktiounen an eng verstäerkt Medienerzéiung fir Kanner a Jugendlecher.

Sécherheet Stater Gare

Wat d'Sécherheet op der Gare ugeet, huet d'Ministesch d'Kritik zeréckgewisen, d'Justiz géif net genuch géint Drogenhandel an aner Delikter ënnerhuelen. Si huet op déi verschidde Mesuren higewisen, déi am Kader vum nationalen Drogendësch decidéiert goufen. Dozou gehéieren nei Ermëttlungsméiglechkeete fir d'Police, eng Beschleunegung vun de Prozeduren an zousätzlech Instrumenter fir de Parquet.

Déi sougenannten "Comparution accélérée" wier jo op den Instanzewee geschéckt ginn an d'Ministesch erwaart sech domat eng séier Äntwert vun der Justiz, ouni allerdéngs d'Rechter vun der Verdeedegung anzeschränken. Dës nei Prozedur soll et erlaben, Persounen, déi op frëscher Dot bei bestëmmte Strofdoten – wéi Drogenhandel, Vol oder Gewalt am Stot – erwëscht ginn, bannent aacht Deeg bis engem Mount viru Geriicht ze bréngen.

LGBTQIA+-Rechter

Zum Schluss vun der Emissioun ass et nach ëm d'Rechter vun der LGBTQI+-Communautéit gaangen. D'Elisabeth Margue huet confirméiert, datt d'Regierung un enger Gläichstellung bei der Filiatioun schafft. Reformen, wéi d'Unerkennung vu béide Mamme bei der Gebuert, géifen awer op den Avis vun der Ethikkommissioun waarden. Si huet awer ugekënnegt, datt Reformen, déi net vum Bioethikgesetz ofhänken, esou séier wéi méiglech op de Wee bruecht solle ginn.

Background am Gespréich mam Elisabeth Margue (Resumé)

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO