Desequiliber am Staatsbudget, opgeblosene Staatsapparat, ze wéineg Produktivitéit, Deckelung vum Index, Gréngewald, Fonctionnement vun der Monarchie an den Zuchreseau.
Mam fréieren Direkter vun der Finanzinspektioun Jeannot Waringo, deen iwwer véier Joerzéngten d'Geschécker an d'Strategie vun der Bunn matdecidéiert huet, an dee vun der viregter Regierung geruff gouf, fir d'Organisatioun vum Haff ze hannerfroen, ginn engem d‘Themen net aus.
Heiansdo muss een eng Helleg Kou a Fro stellen, fir se erhalen ze kënnen. Dat sot de Jeannot Waringo am RTL-Background iwwer den Indexsystem.
Theoretesch, also dem Léierbuch no, misst zwar all Pai, egal wéi héich, un d‘Inflatioun ugepasst ginn. Ma dem fréieren Direkter vun der Finanzinspektioun no wär den Ament do, fir iwwer eng Deckelung vum Index ze schwätzen. Vun engem gewëssene Montant vun der Pai u kéint eng Persoun op déi Upassung un d‘Inflatioun verzichten. De Jeannot Waringo schwätzt vun engem solidaresche Geste.
Déi zyklesch Krisen ewéi d'wirtschaftlech Konsequenze vun den aktuelle Kricher hätt d‘CSV-DP-Regierung mat ville Mesurë gutt gemeeschtert, esou de fréieren Direkter vun der IGF. Déi strukturell Problemer - Klimakris, Alterung vun der Populatioun, Logement, Risiko vun der Aarmut, an anerer – misst si awer op eng verstänneg Aart a Weis dréngend upaken. Et wär och elo un der Zäit d‘Staatsfinanzen nees an den Equiliber ze bréngen. De Staatsdefizit, deen net ofhëlt, mécht dem Jeannot Waringo Suergen. Senger Meenung no kéint een och vun enger Zwouklassegesellschaft tëscht Staatsbeamten a Leit aus dem Privatsecteur schwätzen. Eng geféierlech Entwécklung a sengen Aen, well an 10 Joer 10.000 Staatsbeamte bäikoumen. Dat belaascht de Budget enorm. Déi héich Ufanksgehälter kann de Privatsecteur net bezuelen. Dofir huet de Jeannot Waringo sech fir e Bewäertungssystem beim Staat ausgeschwat. D‘Pai misst net direkt op engem héijen Niveau si, mä kéint mat Bonien, déi un der Leeschtung orientéiert sinn, verbessert ginn. Bei den CFL géif dat gutt fonctionéieren, esou de fréiere President.
De Jeannot Waringo, dee jo Auteur ass vum Spezialrapport iwwer den Haff, fënnt dass d‘Maison du Grand-Duc, déi no deem Rapport entstanen ass, als Verwaltung gutt fonctionéiert. Hie wär Monarchist, seet de Jeannot Waringo, d‘Monarchie géif dem Land Stabilitéit ginn.
Dass de Grand-Duc Guillaume elo de Gréngewald zeréckfreet, also déi 850 Hektar Bësch, fënnt de Jeannot Waringo awer Schued. Hien hätt sech méi Fangerspëtzegefill vum Grand-Duc a senge Conseilleren erwaart, wat dat däregt Thema ugeet. D‘Regierung hätt gutt reagéiert. Si wëll d‘Gréngewald-Konventioun jo net fréizäiteg virun 2034 kënnegen.
Och, dass hie vun der groussherzoglecher Famill ni Merci gesot kritt hätt, obwuel hien der Monarchie mat sengem Rapport duerchaus am Sënn vun der Moderniséierung gehollef hätt, fënnt hien e bësse Schued, huet de Jeannot Waringo erkläert.
Eng direkt Zuchstreck tëscht Lëtzebuerg a Bréissel, dofir géif et wuel e Besoin ginn, ma de fréiere President vun den CFL Jeannot Waringo gleeft doru wierklech net méi. E bëssen enttäuscht ass de Jeannot Waringo dann haut driwwer, dass ee verpasst hat, eng séier Streck laanscht d‘Saarautobunn ze realiséieren.
De Jeannot Waringo war op sengem 74. Gebuertsdag Gaascht beim Roy Grotz am Studio. Den 11. Juli 1952 war hien an der Stad op d‘Welt komm. De Kontakt mat de Leit hätt him vun Ufank un eppes bedeit. Ugefaange mat sengem Papp, deen e klengen Atelier hat als Handwierker zu Munneref, wou hie vill Kontakt Mënschen hat. Duerno am Finanzministère a besonnesch och bei der Eisenbunn, hätt de Jeannot Warungo ëmmer gär mat deenen aneren zesummegeschafft. Wärend sengem Openthalt um Haff hätt hien och déifgrënneg mam Grand-Duc Henri kënne schwätzen. Dat, wat an deem Gespréich am huis-clos gesot gouf, wëll den Jeannot Waringo och tëscht him an dem Grand-Duc loossen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.