
E Mëttwoch den Owend gouf der Police gemellt, datt an der Avenue de la Gare eng Persoun hiren Handy geklaut krut. Am Kader vun der Sich konnten zwee Verdächteger gestallt ginn. Bei engem vun hinne gouf dann och den Handy, dee si kuerz virdru geklaut haten, fonnt. Deen anere presuméierten Täter huet sech géintiwwer de Beamten net grad ganz kooperativ gewisen. Bei den Ermëttlunge koum dunn eraus, datt et dëse Verdächtege war, deen den Handy geklaut hat. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an d’Affer krut hiren Handy vun der Police zeréck.