
Zanter en Donneschdeg Mëtternuecht streiken d’Pilote vun der däitscher Lufthansa. D’Gewerkschaft “Vereinigung Cockpit” huet hir Memberen dozou opgeruff, d’Aarbecht bis e Freideg 23.59 Auer néierzeleeën.
Hannergrond vum Streik ass eng Ausernanersetzung ëm déi betriblech Altersvirsuerg bei der Lufthansa.
D’Gewerkschaft huet ënnerstrach, dass Flich, mat deene Leit aus der Kriseregioun am Noen Osten erausbruecht ginn, net vum Streik betraff wieren.
Bis ewell sinn zwee Flich, déi um Findel landen respektiv vun do starte sollten, vum Streik betraff. De Fluch vu München, deen en Donneschdegmoien um 8.50 Auer zu Lëtzebuerg lande sollt, an deen, deen um 9.30 Auer op Münche sollt fléien, sinn allebéid gestrach. Déi aner Lufthansa-Flich stinn - Stand en Donneschdeg um fréie Moien - nach regulär am Planning.