Invité vun der Redaktioun (27. Abrëll 2026)Fernand Kartheiser, Europadeputéierten

Annick Goerens
E Méindeg de Moie waren ënnert anerem Ungarn, Russland an d'EU en Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Ungar bleift och nom Orban konservativ. Et wiere keng lénk Parteie gewielt ginn. Dat sot den Europadeputéierten Fernand Kartheiser am RTL-Interview e Méindeg de Moien. Den ADR-Politiker huet och nees den Dialog mat Moskau verdeedegt. Jiddereen, d'USA oder Japan, géife mat Russland schwätzen. Just d'Europäesch Unioun net.

D'EU hätt och kee Konzept, fir den Ukrain-Krich op en Enn ze bréngen. Dowéinst géif hien den Dialog mat Russland eben inoffiziell féieren. D'Essenz vun der Diplomatie wier nämlech, matenee schwätzen, och wann een ënnerschiddlech Positiounen huet, fir iwwer dee Wee e Kompromëss ze fannen.

Lëtzebuerg géif diplomatesch Léisungen och besser zu Gesiicht stoe wéi militärescher. An de Grand-Duché hätt och ëmmer gutt Relatioune mat Russland gehat.

De Fernand Kartheiser steet och fir méi Souveränitéit. Wann een zesumme op EU-Niveau keng gutt Politik hi kréich, da misst een als Land eben eleng kënnen handelen.

D'EU sinn déi eenzeg, déi net mat Russland schwätzen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO