Invité vun der Redaktioun (7. Juli) - Fabricio CostaStater Gare: Méi Lokaler fir de Commerce a sozial Strukturen dezentraliséieren

François Aulner
En Dënschdeg de Moien war ënnert anerem d'Begréngung vun der Stad Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Héich Loyere wieren ee vun den Haaptproblemer fir de Commerce – dat sot de Stater Gemengeconseiller vun déi Gréng Fabricio Costa en Dënschdeg de Moien hei op RTL. Hien hätt an der Lescht vill mat Geschäftsleit geschwat an ass zur Conclusioun komm, datt d'Stater Gemeng méi eege Lokaler soll kafen an dem Commerce zur Verfügung stellen – besonnesch am Garer Quartier.

Hien hätt d'Zuele vun der Gemeng gefrot a kritt. D'Stater Gemeng hätt 40 Lokaler um ganzen Territoire. D'Hallschent dovunner wier an der Uewerstad a just zwee Stéck am Garer Quartier. Do ass kloer Potential, esou de Fabricio Costa.

De grénge Gemengeconseiller géing d'Kritik verstoen, datt méi niddreg Loyeren a Gemengelokaler deloyal Konkurrenz kéinten duerstellen, mee dat dierf een net ofhalen. Nei Geschäfter, déi gutt lafen, géingen anerer encouragéieren, z'investéieren.

D'DP-CSV-Majoritéit an der Stad kritt aus den eegene Reie vun DP Politiker virgeworf, d'Sécherheet am Garer Quartier vernoléissegt ze hunn. De Fabricio Costa huet et dorobber zeréckgefouert, datt am Moment "alles konzentréiert wier op ee Quartier".

Hien huet d'Beispill vun Zürich an der Schwäiz geholl, fir ze erklären, ewéi een et kéint besser maachen. Do hätt een an den 90er Joren nieft méi Repressioun a méi Policepresenz och d'Offer un Therapien an d'Luucht gesat a virun allem d'Strukturen "dezentraliséiert". Viru 6 Joer hat d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer och d’Beispill vun Zürich genannt, mee sech géint eng Dezentraliséierung an der Stad ausgeschwat, well méi Offer och méi Leit géing unzéien.

Begréngung net mat "Alibi-Mesuren"

De grénge Gemengeconseiller huet bedauert, datt d'DP ëffentlech géing streiden a sech e Gesamtkonzept gewënscht, wou et nieft der Sécherheet och ëm den Urbanismus a Plaz fir Foussgänger géing goen.

Am Interview hu mir och iwwert d'Begréngung vun der Haaptstad geschwat. D'Begréngungskonzept, dat d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer wärend der Hëtzt Enn Juni erwäänt, soll en Dënschdeg de Mëtteg an der zoustänneger Kommissioun presentéiert ginn.

Fir de Fabricio Costa wier et wichteg, "Hëtzt-Inselen" ze identifizéieren an net just "Alibi-Mesuren" ze huelen ewéi "Backen" mat Planzen um Bëtong opzestellen. Et misst "entsigelt" ginn.

Ni gutt, eng "engagéiert a kompetent" Deputéiert ze verléieren

Zum annoncéierte Récktrëtt vun der grénger Deputéiert Joëlle Welfring aus der Chamber sot de Fabricio Costa: "Et ass ni gutt, esou eng engagéiert a kompetent Deputéiert ewéi d' Joëlle Welfring ze verléieren."

Hien hätt als hire parlamentareschen Attaché gesinn, ewéi si "ganz déif" an den Dossieren dra wier. De Récktrëtt huet hie sech esou erkläert: Professionell Projete kéinte sech änneren.

Mam Josée Lorsché, déi fir d'Joëlle Welfring aspréngt, kéinten déi Gréng op eng Politikerin mat Erfarung zielen.

Invité vun der Redaktioun (7.Juli): Fabricio Costa

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO