
D'Police huet e Samschdeg den Owend e Mann festgeholl, deen an engem Restaurant an der Uewerstad eppes geklaut hat. En Zeie war dem Onéierlechen nogaangen, bis d'Beamten den Täter an der Avenue Monterey gestoppt hunn. De Mann gouf dann och vun de belschen Autoritéiten gesicht. Hien hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Op der Wemperhaart sinn zwee Täschendéif an engem Akafszenter gepëtzt ginn, déi haaptsächlech Kleeder a Butteker geklaut haten. D'Sécherheetspersonal konnt déi zwee Männer stoppen. Och si koumen op Uerder vum Parquet e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
E Samschdeg de Moie gouf an der Géigend vun der Stater Gare en Auto geklaut. Am Kader vun Ermëttlunge konnt d'Gefier nach de selwechten Dag an der Hollerecher Strooss erëmfonnt ginn. Eng verdächteg Persoun gouf festgeholl a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.