Bis zu 250 Euro AmendeËmmer méi Gemenge mat Opruff, fir dëser Deeg manner Drénkwaasser ze gebrauchen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de réckleefege Reserven un Drénkwaasser setze verschidde Gemengen d'Mesurë vun der oranger Alarmphas géint de Waassermangel ëm.
© Gemeng Suessem

D’Drénkwaasser gëtt plazeweis knapp. E puer Gemengen hu Restriktiounen decidéiert, dorënner Esch en Donneschdeg.

Verschidden Aktivitéite si verbueden. Dozou gehéieren d'Autowäschen (ausser a professionelle Wäschanlagen), d'Botze vun Trottoiren, Garagen, Haff a Fassaden, souwéi d'Fëllen oder d'Erneiere vum Waasser a private Schwämmen a Weieren.

Ausserdeem ass de Betrib vu Sprangbure verbueden, ausser wann dës mat engem zouene Waasserkreeslaf funktionéieren.

Och d'Ofkille vu Liewensmëttel oder Gedrénks ënner fléissendem Waasser an d'Bewässerung vu Wisen, Parken, Kierfechter a Sportsterrainen ass net erlaabt, ausser bei neien Uplanzungen.

Dës Reegele gëllen net fir spezialiséiert Betriber, déi dës Aktivitéiten am Kader vun hirer berufflecher Aarbecht ausüben.

Geldstrofe kënne vu 25 bis 250 Euro goen.

Back to Top
CIM LOGO