Bijouen an e Safe geklautD'Police mellt zwee Abréch vum Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Zu Waldbriedemes gouf an en Haus agebrach an um Briddel ass en Täter d'Mauer vun engem Appartementshaus eropgeklommen.
Eng Policecamionnette Symbolbild
© Laurent Weber

Um fréien Donneschdegowend gouf an en Haus zu Waldbriedemes agebrach. Den éischten Informatiounen no waren zwee onbekannte Brigangen hei duerch d’Terrassendier an d’Haus komm. Bannen hu si e puer Raim duerchwullt an ënner anerem Bijouen an e Safe geklaut.

Kuerz drop krut d’Police dann en Abroch an en Appartement an der Rue de Luxembourg um Briddel gemellt. Hei deiten éischt Informatiounen drop hin, dass dräi Täter um Wierk waren. Ee vun hinne wier un der Säit vum Gebai eropgeklotert an duerch eng Terrassendier an d’Wunneng agedrongen, wärend déi zwee aner ënnen opgepasst hunn. Dobäi wieren déi dräi vun engen Noper iwwerrascht ginn an doropshi geflücht. Eng Sich gouf an d’Weeër geleet, ma déi dräi goufen net fonnt.

A béide Fäll gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Hei fannt Dir Rotschléi vun der Police, fir Iech virun Abréch ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO