
E Freideg 6. Mäerz huet d’Luxair 181 Passagéier aus dem Noen Oste rapatriéiert. Am Cockpit vum Vol LG2120 war nieft dem Kapitän Laurent Donteri och d’Co-Pilotin Jil Kalmes. Zanter zwee an engem hallwe Joer schafft déi jonk Fra bei der nationaler Fluchgesellschaft. No der Arrivée um Findel konnte mir eis mat der Jil Kalmes ënnerhalen. Si huet eis ënnert anerem erzielt, wat beim Rapatriementsvol anescht war ewéi soss a wéi si d’Erliefnes verschafft:
“Bis elo ware mer vill ënnerwee an do war net vill Zäit, muss ech soen, fir alles ze verschaffen, well mer ëmmer rëm ënnerwee waren a geplangt hunn an ech mengen, wann ech elo herno doheem ukommen a vläicht och menger Famill erzielen, wat ech alles do erlieft hunn déi lescht Deeg, da realiséieren ech nach eng Kéier e bësse méi, wat mer wierklech déi lescht Deeg do geleescht hunn.”
Donieft hu mir awer och mat der Jil Kalmes doriwwer geschwat, firwat si schonn ëmmer wollt Pilotin ginn, wat hir un hirer Aarbecht gefält a wat hir Liblingsdestinatioun ass.
Liest dozou och: