
Beim 3. Vol, deen e Freideg géint 11 Auer um Findel gelant ass, handelt et sech ëm e Luxair-Fluch vun Hurghada aus, deen awer vu Maskat am Oman aus gestart, an an Ägypten tëschegelant ass.
Um kuerz viru 7 Auer e Freideg de Moie war de Fluch zu Hurghada an Ägypten gestart. U Bord waren 181 Passagéier, dovunner 3 Puppelcher an 12 Kanner. Dat confirméieren e Freideg de Moien och déi zoustänneg Lëtzebuerger Ministèren.
E weidere Vol e Freideg ass mat engem Militärfliger vun der MRTT-Flott (Multi-Role Tanker Transport) geplangt a soll e Freideg den Owend dann am Grand-Duché landen. Hei sollen 200 Leit transportéiert ginn. Dëse Fliger wier dann och schonn zu Maskat am Oman gelant. Am Laf vum Moie soll dëse Fluch starten.