Brutto-Revenu vun iwwer 90 Milliounen €D'Loterie Nationale mellt e Rekordjoer 2024
Dat ass e Plus vun 18% par rapport zu virzejoert. Parallel gounge Gewënner an Héicht vun 178 Milliounen Euro u Lëtzebuerger Residenten eraus.
Verëffentlecht: 05.02.25 14:40, Update: 09.12.25 09:55
Ënner anerem bei de Sportwette goung et bei de Recetten ëm méi wéi 50% erop zejoert, heescht et vun der Oeuvre Nationale, déi sech weider konsequent géint illegaalt Glécksspill wëll asetzen.
Schreiwes Loterie Nationale