37 nei Attachéë ginn agestallt D'Justiz verstäerkt weider hiert Personal

Joel Detaille
No engem Selektiounsprozess mat Examen, Dossiersanalys a psychologeschen Tester goufen 11 Kandidaten iwwer e Concours a 26 iwwert hiren Dossier ausgewielt.
© AFP

D'lëtzebuergesch Justiz huet 37 nei "attachés de justice" fir d'Geriichtsjoer 2026-2027 rekrutéiert. Si fänken am September mat hirem theoreetesche Stage un, wärend 3 Wochen op der Magistraturen-Schoul vu Bordeaux, ier et hei am Land mat Formatioune weidergeet. Ufank d'nächst Joer fänkt dann hire praktesche Stage an de verschiddene Juridictiounen, respektiv beim Parquet un.

Recrutement de 37 nouveaux attachés de justice pour l’année judiciaire 2026-2027
Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO