Hëtzt doheemDës Mesurë recommandéiert d'Klima-Agence

Annick Goerens
D'Wieder gëtt an Zukunft ëmmer méi extrem. Méi laang Hëtztwellen an ëmmer méi tropesch Nuechten, an deenen et net méi richteg ofkillt. Fir vill Leit gëtt d'Wunnen dann ëmmer méi zu enger Erausfuerderung.
Mesurë géint d’Hëtzt
De Fenn Faber an d'Sarah Juchems vun der Klima-Agence waren Invitéeën an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert"

An der Emissioun "Dir hutt d'Wuert" hunn d'Nolauschterer e Méindeg de Moien hir Erfarungen a Froe gedeelt, wärend d'Sarah Juchems an de Fenn Faber vun der Klima-Agence erkläert hunn, wéi ee sech géint héich Temperaturen doheem ka schützen.

Fir d'éischt wier et wichteg, de Constat ze maachen, dass jiddwereen déi Hëtzt anescht spiert an anescht betraff ass. "Wann ech effektiv iwwer Land wunnen a schéi Beréngunge ronderëm mäin Haus hunn, ass dat effektiv aneschters wéi wann ech an der Stad ënnert dem Daach eng Wunneng hunn", erkläert de Fenn Faber.

D'Hëtzt dobaussen halen

Déi wichtegst Recommandatioun ass, d'Hëtzt guer net an d'Wunneng erakommen ze loossen. Rolllueden, Jalousien oder aner sougenannt "Verschattungen" sollten zougemaach ginn, soubal d'Sonn op d'Fënstere schéngt. Gelëft soll just da ginn, wann et dobausse méi kill ass wéi dobannen – meeschtens moies fréi oder owes. Och einfach Gesten, wéi den Uewen oder aner elektresch Apparater net onnéideg lafen ze loossen, hëllefen dobäi, d'Wunneng net zousätzlech opzewiermen.

Eng gutt Isolatioun schützt net nëmme géint d'Keelt am Wanter, mee hëlleft och, d'Hëtzt am Summer méi laang dobaussen ze halen, erkläert d'Sarah Juchems. Iwwer den aktuelle Subside-Programm vum Ëmweltministère, de Klimabonus, gëtt ënner anerem Isolatiounmaterial finanzéiert. "Do leie mer insgesamt tëscht 40 an 140 Euro de Metercarré, déi ech beispillsweis fir meng Fassad oder fir mäin Dag ka kréien. Wéi gesot, jee no Material, jee no Isolatiounsdéckt och. D'autant plus gëtt et e Bonus vu 15 Euro de Metercarré, wann ech mech dofir decidéieren, fir souguer op eng Fassade-Begréngung oder op eng Daach-Begréngung ze goen."

Vill Suergen ëm vulnerabel Persounen

Vill Nolauschterer hu sech Suerge gemaach ëm d'Situatioun an de Schoulen, Alters- a Fleegeheemer, Spideeler an Atelier-protegéen. Dobäi goufen ënner anerem Froe gestallt, ob nei Gebaier net besser misste geplangt ginn, fir d'Hëtzt an de Grëff ze kréien a wéi een d'Leit schütze kann, déi besonnesch vulnerabel sinn. De Fenn Faber vun der Klima-Agence huet drop higewisen, datt bei esou Gebaier déi klassesch Moossname wéi Verschattung an Nuets-Lëftung dacks net méi duerginn. An eenzele Fäll misst och iwwer Klimaanlagen nogeduecht ginn – idealerweis a Kombinatioun mat Photovoltaik, fir de Stroumverbrauch ze kompenséieren. Gläichzäiteg wier et wichteg, nei Gebaier vun Ufank un intelligent ze plangen, mat enger gudder Isolatioun, effiziente Lëftungs-Konzepter an enger staarker Begréngung ronderëm d'Gebai, fir d'Hëtzt esou wäit wéi méiglech ze reduzéieren.

Klimaanlag nëmmen, wa se wierklech néideg ass

Vill Froe koumen och zu Klimaanlagen. Déi kënnen zwar ofkillen, verbrauchen awer vill Stroum. Mobil Geräter si besonnesch energieintensiv a verbrauche bal 3 bis 4 mol méi Stroum am Verglach mat enger fixer Klimaanlag. Dat heescht, si loune sech virun allem, fir een eenzele Raum kuerzfristeg ofzekillen. Wann eng fest Klimaanlag installéiert gëtt, recommandéiert d'Klima-Agence, dës mat enger Photovoltaikanlag ze kombinéieren.

Ventilatore kënnen zwar fir e méi angeneemt Gefill suergen, senken awer net d'Raum-Temperatur. "Just einfach als Beispill, [...] mee wann ech doheem wär an enger Woch an dräi Raim mat engem mobille Gerät eebe killen, dann hunn ech eigentlech den Equivalent vun deem, wat e Frigo an engem Joer verbraucht. Einfach just fir eng Gréisstenuerdnung ze ginn."

Méi Gréng amplaz vu Bëtong a Schottergäert

Nieft de private Wunnengen an Haiser ass och d'Fro opkomm, wéi Stied an Uertschafte sech generell an Zukunft besser un d'Hëtzt kënnen upassen. D'Sarah Juchems an de Fenn Faber vun der Klima-Agence plädéieren dofir, méi op intelligent Planung, Begréngung an Entsigelung ze setzen.

Och d'Schottergäert waren Thema an der Emissioun. Verschidden Nolauschterer hu sech gefrot, firwat dës Form vu Virgäert iwwerhaapt nach erlaabt ass. De Fenn Faber erkläert, dass d'Steng d'Hëtzt staark späicheren a kënnen Temperaturen vu 40 bis 50 Grad direkt virum Haus erreechen. Doduerch gëtt net nëmmen d'Ëmgéigend méi waarm, mee och d'Gebai selwer hëtzt sech méi séier op.

Als Alternativ recommandéiert d'Klima-Agence begréngte Virgäert, Fassaden- an Daach-Begréngungen. Planzen droen dozou bäi, d'Temperaturen duerch Schied an d'Verdonschtung vu Waasser ze senken an d'Wuelbefanne ronderëm d'Haus ze verbesseren. Am neien nationale Bautereglement ass dofir och virgesinn, dass Schottergäert an Zukunft net méi zougelooss solle sinn. Verschidde Gemengen hunn esou Bestëmmunge schonn agefouert oder begleeden hir Bierger aktiv bei der Ëmgestaltung vun hire Virgäert.

Gratis Berodung fir Proprietären a Koproprietéiten

Fir Leit, déi net wëssen, wéi si hir Wunneng besser géint d'Hëtzt ofséchere kënnen, bitt d'Klima-Agence iwwregens eng gratis Berodung doheem un. Dobäi gëtt gekuckt, wéi eng Mesuren am konkrete Fall am sënnvollste sinn an op wéi eng staatlech Hëllefen zeréckgegraff ka ginn.

De Fenn Faber an d'Sarah Juchems vun der Klima-Agence waren Invitéeën an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert"

Back to Top
CIM LOGO