Méi deiere Stroum a GasDen Inflatiounstaux huet sech am Januar quasi verduebelt
Wéi de Statec a sengen neiste Berechnunge festgestallt huet, gouf et eng Hausse vun 0,4% op ee Mount gerechent.
Verëffentlecht: 06.02.25 10:29, Update: 09.12.25 09:56
Am Januar huet sech den Inflatiounstaux hei am Land also bal verduebelt, vun 1 op 1,9%. D’Liewensmëttel, Stroum a Gas si méi deier ginn.
Déi nächst Indextranche kënnt méi no. De Statec geet aktuell vum zweeten Trimester vun dësem Joer aus.
Schreiwes vum Statec