
Wéi d’Police matdeelt, gëtt zanter dem 10. Mäerz den 52 Joer alen Andreas Matthias Marx vermësst. Hien ass den 22. Januar 1974 zu Tréier op d’Welt komm.

De Vermëssten ass tëscht 1,80 an 1,90 Meter grouss, vu schlanker Statur an huet laang brong Hoer.
Informatiounen iwwert hien a wou hie sech kéint ophalen, si fir d’Police Lëtzebuerg, um Telefonsnummer +352 244 40 1000, oder via Email op police.capitale@police.etat.lu