D’Affär Wilmes veronséchert d’Patienten an d’Dokteren an der Relatioun tëscht deenen zwee, sot de President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD Dokter Chris Roller hei op RTL. Säi Confrère Philippe Wilmes war den 22. Januar vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez fir dräi Méint suspendéiert ginn, well et de Verdacht gëtt, datt hien onnéideg Operatiounen un de Knéie vu Patienten ënnerholl hätt, wat zu Verstümmelunge gefouert hätt.
Den AMMD-President stellt net a Fro, datt de Patient misst geschützt ginn, mä esouwuel d’Prozedur ewéi d’Verëffentlechung vum Numm vum Dokter Wilmes wieren net gutt gewiescht. Confrèren a Consoeure wieren elo veronséchert, well se sech froe géingen, “ok, ech iwwerleeë mer lo zwee bis dräi Mol, wat ech hei nach maachen, wann ech vun deem engen Dag op deen anere kann ecartéiert ginn”. An d’Patiente géinge Recommandatioune vun Dokteren a Fro stellen.
Zur Prozedur huet den Dokter Roller kritiséiert, datt den Dokter Philippe Wilmes net gehéiert gouf. Hien huet dann och déi selwecht Froen opgeworf, ewéi déi gréng Deputéiert Djuna Bernard an enger dréngender parlamentarescher Fro: wéi wëll d’Ministesch hir Decisioun elo opgrond vun neien Elementer nodréiglech rechtfäerdegen? “Et ass ewéi Dir sot, et ass e Kuddelmuddel”, esou den Dokter Roller.
De Collège médical hat d’Dénonciateuren anonym gehalen, fir se als Whistleblower viru potentielle Repressalien ze schützen. An enger Note juridique fir d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun huet den Affekot François Prum geschriwwen, dat kéint net d’Erklärung dofir sinn, datt de Beschëllegten net gehéiert gouf an keng onofhängeg Expertise gemaach gouf.
De President vun der AMMD huet iwwregens erkläert, datt de François Prum, deen och Affekot vum Dokter Wilmes ass, schonn zanter dem leschten Hierscht d’Associatioun vertrëtt, well säi Virgänger Gast Neu mat 80 Joer seng Pensioun geholl hätt. Et géing also net bedeiten, datt d’AMMD sech hannert den Dokter Wilmes stellt.
Mam Dokter Roller hu mir och de Point gemaach iwwert d’Negociatioune mat der CNS, nodeems d’AMMD d’Konventioune mat hir gekënnegt huet. Zanter Dezember wieren et scho puer Sitzunge ginn, déi ganz “gedigen” ofgelaf wieren. Béid Säite wiere sech awer eens ginn, datt een net iwwert Detailer géing no bausse kommunizéieren. Mä awer och, datt legal Upassungen néideg wieren iert ee kéint virukommen.
Wat d’Fuerderung vun der AMMD ugeet, fir méi Tarif-Autonomie ze hunn, huet de President vun der Associatioun nach emol widderholl, datt et him drëm géing goen, datt et fir verschidden Akte keng Tariffer iwwerhaapt géing ginn. D’Fortschrëtter an der Medezin géingen awer séier virugoen a wat net an der Nomenclature steet, kéint een net ubidden.
Hien huet och nach u seng Fuerderung erënnert, fir méi dezentraliséiert Medezin oder ambulant Medezin an den Dokter-Cabineten, déi och am Koalitiounsaccord vun CSV an DP stinn. Do kéim een “esou hallef weider”, sou nach den Dokter Roller.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.