“Wat mir geschitt ass, ass ganz schrecklech. Et gëtt een anonym beschëllegt eppes gemaach ze hunn, vun deem een näischt weess. Et huet ee keng Méiglechkeet, sech ze verdeedegen”, seet den Dokter Wilmes am RTL-Interview. Da gëllt et selwer erauszefannen, wat lass ass. Donieft muss ee sech scho selwer verdeedegen, éier een d’Uklo wierklech kennt. “Ech mengen, dass hei wierklech eppes amgaangen ass, wat schonn doropper ofziiilt, mäi Ruff ze zerstéieren.”
Wisou dat de Fall kéint sinn, weess den Dokter Wilmes net. Ma hien hätt Indicen, “déi an déi Richtung weisen”, seet den Dokter dem RTL-Journalist Frank Goetz. Doriwwer wéilt hien da kommunizéieren, wann et esou wäit wier. Hien huet och den Androck, datt hei “eng ganz Rei Leit an deem Sënn ënnerwee sinn”. Fir d’éischt soll awer de Virworf, datt hie gesond Knéien operéiert huet, aus der Welt geschaaft an d’Leit berouegt ginn.
Bis ewell hu sech awer scho 35 Leit bei der Patientevertriedung gemellt, déi no der Operatioun Problemer mat hirem Knéi hu respektiv no der Operatioun vun engem zweeten Dokter gesi goufen. Den Dokter Wilmes seet, datt hie bis ewell a senger Karriär eng 5.500 Operatioune gemaach huet. Pro Joer géif hie ronn 5.000 Leit an der Spriechstonn hunn a bei zirka 10 Prozent dovu géif operéiert ginn. Vun de ronn 500 Operatioune pro Joer sinn da knapp 80 Kräizbänner dobäi, esou déi plakeg Zuele vun der Aarbecht vum Dokter, déi hien zanter 2013 mécht. “All Patient, deen no enger Operatioun kee gutt Resultat huet - an dat kënnt leider Gottes heiansdo vir - ass ee Patient ze vill. An ech wier frou, wann déi Patiente sech géife mat mir a Verbindung setzen”.
Op d’Nofro, ob all Operatioun, déi den Dokter Wilmes gemaach huet, néideg waren, äntwert dëse kuerz a bestëmmt: “Absolutt”. Antëscht kruten den Dokter Wilmes a seng Ekipp och 16 Matriculle vun de Patienten, deenen hir Dossiere betraff sinn. Den Dokter Wilmes huet déi Dossiere scho gekuckt a seet kloer, datt bei deene 16 kee gesonde Knéi mat dobäi war.
De Philippe Wilmes betount och nach eng Kéier, datt hien och weider fir seng Patiente wäert do sinn. Seng Spriechstonne sinn nach ëmmer an d’Leit kënnen him och uruffen a schreiwen. Fir Patienten, déi missten operéiert ginn, ginn et aktuell awer zwou Méiglechkeeten: “Entweeder se waarden, bis dass ech erëm kann operéieren. Wann et awer méi drénglech ass, dann ass et kee Problem, da suergen ech dofir, dass se vun engem Confrère vu mir genau esou gutt kënne behandelt ginn.”
Op d’Fro, wéini hien elo juristesch Virgoe wäert, äntwert den Dokter Wilmes, datt d’Affär preparéiert ass. “Mir wäerten do Donneschdeg de Recours administratif deposéieren, zesumme mam Referee”. Dem Dokter ass et wichteg, datt déi Affär elo richteg opgekläert gëtt an dono “muss gekuckt ginn, wéi eng Konsequenzen op wéi enger Plaz dorausser kënne gezu ginn”. Deemno wéi och politescher.
Déi dräi Experten, déi nach musse genannt ginn, mussen elo klären, ob gesond Knéien operéiert goufen oder net. Een Expert gëtt vum Gesondheetsministère gestallt, ee vum Dokter Wilmes selwer an deen drëtte soll vun den zwee aneren Experte genannt ginn.
Den Dokter Philippe Wilmes ass och der Meenung, datt vill vun de Projeten, déi hie bis ewell op d’Bee gestallt huet oder stelle wëll, wäerten duerch dës Affär “a Matleedeschaft gezu ginn”. An awer: “Déi Leit, déi mat mir d’Findelklinik zesummen developpéieren, déi stinn hannert mer. D’Dokteren, déi matmaachen, stinn hannert mer. D’Patiente stinn hannert mer.” De Projet wäert och am Sënn vun de Leit weider developpéiert ginn, verséchert den Dokter.