
A senger Karriär war hien ënnert anerem och Oberarzt am Lukaskrankenhaus zu Neuss a "Senior registrar" am Queen Elizabeth Hospital zu Adelaide an Australien. Zanter 2009 war den Dr. Kayser dann och President vun der Société de Chirurgie Viscérale Luxembourgeoise. Bei der Viszeralchirurgie handelt et sech vereinfacht ausgedréckt ënner anerem ëm d'Chirurgie ronderëm de Beräich vum Bauch, dem Mo, oder och dem Daarm.
Op Facebook hunn d'Hôpitaux Robert Schuman dem Dr. Kayser senger Famill hiert déifst Matgefill ausgedréckt a säi jorelaangt Engagement, seng Empathie a seng Mënschlechkeet ënnerstrach.