D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet an der zoustänneger Chamberkommissioun Detailer zum Dossier Dokter Philippe Wilmes genannt. An engem éischte Bréif de 16. Dezember hätt de Collège médical an hiren Ae relativ grave Faite constatéiert an, datt et sech net ëm en Eenzelfall géing handelen. Do dran hätt de Collège médical och scho geschriwwen, datt een d’Instructioun vum Dossier gemaach hätt a si zwee Orthopäden an ee Radiolog gehéiert hätten.
De Collège huet der Ministesch geschriwwen, si géifen op si zeréckkommen, wa se all néideg Elementer beieneen hätten. De Gremium huet d’Martine Deprez dee Moment scho gewarnt, datt wéinst der invasiver an irreversibeler Natur vun den Agrëffer an der Gefor vun enger Widderhuelung, een der Meenung wier, datt d’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Patienten engem graven Dommage ausgesat wier, wann den Dokter Philippe Wilmes weider géing excercéieren. Am zweete Schreiwes war och de Bréif vun den Dokteren aus dem CHL bäigeluecht, iwwert dat RTL bericht hat. D’Martine Deprez sot, si hätt déi provisoresch Suspensioun vum beschëllegten Dokter decidéiert, well de Collège médical si dono an béide Schreiwesse gefrot hätt. An de Bréiwer goung Rieds vu Mutilatiounen, dat zweet Schreiwes huet dovun, datt sech d’Ampleur géing confirméieren.
Vu Säite vum Ministère wieren d’Prozeduren agehale ginn. De Concernéierte seng Defense-Rechter wiere respektéiert ginn, hie wier gehéiert ginn an wier mat sengem Affekot d’Pièce kucke komm, déi de Ministère vum Collège médical kritt hat.
Wa si déi Decisioun, de Philippe Wilmes temporär ze suspendéieren, net geholl hätt, hätt si den Artikel 16 Paragraph 2 vum Gesetz iwwert den Dokteschberuff net korrekt applizéiert. Si hätt keen anere Choix wéi de Collège médical ze suivéieren a si hätt och aus Suerg ëm d’Patienten gehandelt: “Wann ech déi do Decisioun net geholl hätt, hätt ech éischtens den Artikel 16 Paragraph 2 net respektéiert an zweetens hätte mer all déi Patienten, déi am Tëschenzäitraum operéiert gi wären, deene Verdachtsmomenter déi vum Collège médical opgeworf gi sinn, nach eng Kéier ausgesat”, sou d’Martine Deprez an der Kommissioun.
De Collège médical wier e seriöe Gremium a wier net bekannt fir liichtfankeg Uschëllegungen ze maachen, sou nach d’Gesondheetsministesch Martine Deprez. Et géif d’Présomption d’innocence gëllen an et wéisst een net, ob eng Uklo kéim. An deenen nächsten Deeg a Wochen kéint d’Saach um Fong an an der Form gekläert ginn. Fir d’Qualitéit am Lëtzebuerger Gesondheetssecteur ze garantéieren, wieren divers Mechanismen en Place. D’Ministesch huet nach däitlech ënnerstrach. “Et ass net wéinst engem Prozedursfeeler, dass um Fong den Dossier net korrekt ass”.
Fir déi nei Presidentin vun der Santéskommissioun Françoise Kemp (CSV) ass kloer, et brauch eng séier Opklärung duerch Spezialisten. Et wier “definitiv keng Hexejuegd.”
“Ech mengen, et ass wichteg, datt mer dat hei an d’Faite wierklech propper opschaffen. Op Basis vun Experten, déi dat neutral préiwen,” esou Djuna Bernard vun de Gréngen.
D’LSAP, am Numm vum Mars di Bartolomeo, fuerdert Hëllef aus dem Ausland: “Dofir fuerdere mer vum beschten Niveau. Nëmmen déi bescht Experten. Onofhängeg Experten. Experten aus dem Ausland op Universitéits-Klinikum Niveau.” Gefuerdert gëtt och d’Analys vun der Roll vum Collège Medicale.
“Do stellt sech allerdéngs och d’Fro, ob souguer wann et e Formfeeler (vum Collège Medicale) gewierscht wier, ob et net awer och eng Responsabilitéit vum Ministère gewierscht wier, deen dote Schrëtt weider anzeleeden. Et muss ee kucken an Zukunft Klärung ze kréien, wat déi Prozeduren ugeet”, esou de Marc Baum vun de Lénken.
Fir de Sven Clement gëtt et an dëser Geschicht kee Gewënner - egal wéi d’Ministesch op den Avis vum Collège Medicale reagéiert hätt: “Mir sinn e bëssen an engem Vide, wou op Basis vun engem ganz ale Gesetz eng Entscheedung muss geholl ginn. D’Madamm Ministesch huet eis zu Recht gefrot, wat mer (Oppositioun) gesot hätten, wa se keng Entscheedung getraff hätt – da wier den “Opschrei” warscheinlech genau sou haart gewiescht.”