
Kuerz viru 17:30 Auer e Mëttwoch krute sech zu Zolwer an der Lampecher Strooss zwee Autoen ze paken. Dräi Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulancieren aus den Asazzenter Esch a Suessem-Déifferdeng, grad ewéi och de Samu vun Esch.
Géint 18:15 Auer gouf et dann ee Blesséierten, wéi en Auto an der Rue de la libération zu Diddeleng accidentéiert ass. Hei waren d'Diddelenger Pompjeeën an Ambulancieren, wéi och den Escher Samu am Asaz.
D'Stater Pompjeeën a Secouriste goufen dann um 18:44 Auer an d'Rue de Strasbourg geruff. Hei hat en Autosfuerer e Motocyclist ze pake kritt.
Um 20:18 Auer krute sech dann zu Heischent an der Fuussekaul zwee Autoen ze paken, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus dem Asazzenter Alebesch an aus der Nordstad, grad wéi och d'Ambulanciere vu Wolz.
Géint 20:55 Auer gouf dann eng Persoun bei engem Kichebrand zu Waasserbëlleg an der Grand-Rue blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanciere vu Mäertert waren hei am Asaz.
Eng Stonn méi spéit sinn dann zu Hesper an der Route de Thionville zwee Autoe matenee kollidéiert. Hei blouf et beim Materialschued.
Géint 2:15 Auer en Donneschdegmoien ass dann eng Camionnette op der A13 an Direktioun Péiteng tëscht dem Beetebuerger Kräiz a Biereng an d'Leitplank gerannt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. Am Asaz waren d'Ambulanciere vu Beetebuerg an d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg.