RTL-Spezial ëm 20 AuerWéi zäitgeméiss ass d’Tripartite hautdesdaags nach?

Claude Zeimetz
An enger RTL-Spezialsendung reagéieren en Donneschdeg den Owend um 20 Auer de Jean-Jacques Rommes an de Jean-Claude Reding op d'Tripartite.
© Pierre Weimerskirch / RTL

Vun deenen enge fir dout erkläert, vun deenen aneren zu engem Mythos héichstiliséiert: d'Tripartite huet als Kriseninstrument ëmmer da misse funktionéieren, wann et dem Land net gutt goung, mä war och ni onëmstridden.

Den Ament sëtzen d’Sozialpartner jo nees beienee wéinst dem Krich am Noen Osten. Mä wéi zäitgeméiss ass d’Tripartite nach? Wat kann a soll se decidéieren? Ass de "Lëtzebuerger Modell" iwwerhaapt den aktuelle Krise gewuess? Doriwwer wëlle mer mat zwee fréiere bekannte Gesiichter vum Lëtzebuerger Sozialdialog schwätzen. Dem Jean-Jacques Rommes, sengerzäit Chef vun der ABBL an der UEL an dem laangjärege fréieren OGBL-President Jean-Claude Reding.

Eis Invitéën:

  • Jean-Jacques Rommes
  • Jean-Claude Reding

Back to Top
CIM LOGO