Sexualiséiert Gewalt gëtt a ville Konfliktgebidder nach ëmmer als Krichswaff agesat. Fir op d'Schicksal vun den Affer opmierksam ze maachen, organiséiert d'Associatioun "Stand Speak Rise Up!" en Donneschdeg den Owend d'Virféierung vum Film "Muganga – Celui qui soigne" am Utopia. De Film erzielt d'Geschicht vum kongoleeseschen Dokter an Nobelpräisdréier fir de Fridden Denis Mukwege, deen zanter Jore Fraen behandelt, déi Affer vu sexueller Gewalt goufen.
Iwwer d'Aarbecht vun der Associatioun schwätze mir en Donneschdeg de Moie mat der Grande-Duchesse Maria Teresa, Matgrënnerin vu "Stand Speak Rise Up!", an der Presidentin vun der Associatioun, Chékéba Hachemi. Béid Frae sinn en Donneschdeg kuerz no 8 eis Invitéeë vun der Redaktioun.
Fir d'Grande-Duchesse ass et den éischte LIVE-Radio-Interview zanter dem Trounwiessel zejoert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.