
Freides de 5 Oktober 2018 hat den Dr. Denis Mukwege wéi üblech mat sengen Operatioun um 7.30 Auer Moies ugefaangen, wéi en, wärend senger 2. Operatioun vum Dag, Leit dobausse jäizen an kräischen héieren huet. Ganz erféiert huet hien d'Operatioun ënnerbrach an ass am Kiddel eraus gelaf fir ze kucken, wat geschitt ass. Do ukomm, gouf e vu senge Mataarbechter a Volontairë gedréckt: D'Noriicht, datt hien de Friddensnobelpräis gewonnen hat war ukomm.
Zanter hier ass de kongolesesche Gynekologe international esou vertrueden, wéi nach ni a setzt sech weider fir Fraen an, déi Affer vu gewalttätege Violle goufen. D'Fraen, déi den Dokter besichen, hunn dacks staark Blessuren. 200 Fraen den Dag ginn a sengem Panzi-Spidol am Kongo traitéiert.
Zanter September ass hien och offiziell Member vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Associatioun Stand, Speak, Rise Up. De Weekend war den Dr. Mukwege och op Besuch um Haff zu Colmer-Bierg.