Sozial MedienKylian Mbappé gratuléiert Walfer fir den Opstig

RTL Lëtzebuerg
Et gesäit aus wéi e KI-generéierte Video, ass awer wuel kee "Fake". De franséische Superstar huet der Résidence fir den Opstig an d'BGL Ligue gratuléiert.
De Kylian Mbappé bei de Fans
De Kylian Mbappé bei de Fans
© FRANCK FIFE/AFP

No der Victoire am Barragematch vun der Résidence Walfer géint Kanech huet keen anere wéi de franséische Superstar Kylian Mbappé deene Walfer fir den Opstig an d'BGL Ligue gratuléiert:

Op den éischte Bléck kéint ee mengen, et wier e KI-generéierte Videoclip. De Message ass awer echt a warscheinlech op Wonsch vun engem Fan huet den Mbappé dësen an eng Handykamera geschwat. Am Hannergrond héiert een, wéi him puer Wierder virgesot ginn. Eng sympathesch Aktioun vum franséischen Nationalspiller, deen entretemps mat der Équipe tricolore an den USA ukomm ass, fir sech op d'WM vizebereeden.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO