E Sonndeg den 31. Mee koum et op der N12 tëscht Déierbech an der Féitsch zu engem déidleche Verkéiersaccident. E jonke Mann vu 37 Joer ass mat sengem Auto an e Bam geknuppt an huet dobäi säi Liewe verluer. Kevin Rommes heescht den Onglécklechen. D'Accident ass ronn 2 Kilometer vu senger Wunneng ewech geschitt. Mir haten d'Chance, mat der Famill a Frënn ze schwätzen.
Beim Kevin sengen Elteren doheem, zu Allerbuer, hunn ech Rendez-vous. Och seng eeler Schwëster, d'Christa, kënnt bis laanscht.
"Mäi Bouf huet ëmmer jidderengem gehollef". Dëst ass dat éischt, wat säi Papp, de Roger Rommes, mir wärend eisem Gespréich erzielt. "Well hie jo fréier an der Jeunesse war, war hien an der ganzer Gemeng, am ganzen Norde bekannt a beléift".
E leschte Sonndeg gouf d'Liewe vun der Famill Rommes vun der enger zu där anerer Sekonn op d'Kopp gedréit ewéi d'Police un der Hausdier stoung. "Ass eppes geschitt?", huet de Roger Rommes gefrot. D'Polizisten hu gefrot, fir eranzekommen. "Do hunn ech mir geduecht, datt wuel eppes geschitt wär", sou dem Kevin säi Papp. "Si hu mir dunn erzielt, dass de Bouf mam Auto agerannt wär. Si wären um 7:37 Auer geruff ginn an d'Secouristen hätten nach 25 Minutten um Kevin geschafft. Si hätten hien awer net méi zréckkritt. Ech hu gefrot, ob mäi Bouf ugestréckt gewiescht wär. D'Polizisten hunn dës Fro mat Jo beäntwert". De Papp vum Kevin war e Sonndeg eleng doheem. D'Fra, dem Kevin seng Mamm, war deen Ament um Wee zréck aus der Vakanz. "Ech hunn doropshin den Telefon an de Grapp geholl a menger Fra Bescheed ginn".
Ech hu keng Zäit. Dat hätt de Kevin dacks zu sengen Eltere gesot. "Reegelméisseg huet säin Telefon gerabbelt, dann huet ee seng Hëllef gebraucht". Dëst erzielt dem Kevin seng Mamm, d'Viviane Rommes mir. "Dann huet eise Jong sech op de Wee gemaach". "Heiheem huet hien no sengen Traktere gekuckt, wann en dann Zäit hat. (...) Ech sinn den Télévie dëst Joer zu Brotebaach matgefuer. Mat sengem Trakter. Wéi ech heem komm sinn, hunn ech him erzielt, dass ech véiermol gesot kritt hunn, datt ech néi Schong bräicht. 'Mengs du ech wär Millionär?', huet de Kevin mech da gefrot. Den Dag drop hat hien d'Rieder erof, zwee Deeg méi spéit hat ech néi Schong. Sou war hien", sou dem Kevin seng Mamm.
Zanter elo 10 Joer huet de Kevin als landwirtschaftleche Mecanicien bei der Wëntger Gemeng geschafft. Well hien dat geléiert hat, war hien hei uewe bei de Bauere bekannt. Hu si hie gutt kannt. Vun hinne gouf hien dann ëmmer gefrot, fir ze hëllefen. Wann een e Probleem hat, ass de Kevin hëllefe gaangen. Duerch säin Engagement bei de Pompjeeë war hien och iwwerall bekannt. Am Februar 2000 ass de Kevin Rommes de Jugendpompjeeë vun der Gemeng Wëntger bäigetrueden. Deemools hat hien 11 Joer. Den Zenterchef Paul Thines erënnert sech.
Fir d'Secouriste war d'Accident vum leschte Sonndeg net einfach: "Wann eng Alerte geet, ass et en Asaz ewéi all Asaz. Mir sinn awer ëmmer an de Gedanke wa mir fortfueren, dass et ee ka sinn, deen ee kennt. Mir sinn hei an enger grousser Gemeng, wou een deen anere kennt." Bannent 10 Minutte waren d'Secouristen e Sonndeg um Accident vum Kevin Rommes.
De Kevin huet eng Schwëster, d'Christa, déi 5 Joer méi al ass ewéi hien. Si ass bestuet an huet e Meedchen, d'Chloé, wat elo den 29. Mee néng Joer kritt huet. De Kevin war de Pätter. "Wann ech hie gebraucht hunn, war hien do". Sou beschreift dem Kevin seng Schwëster hire Brudder. D'Christa behält hire Brudder a gudder Erënnerung. "Ech gesinn hien nach an der Garage stoen, d'Äerm an der Luucht well hie sech un der Garagendier ugehalen huet mat engem Laachen. Sou behalen ech hien a menger Erënnerung."
Dem Kevin seng Mamm huet hirem Jong aus der Vakanz nach en T-Shirt mam Bud Spencer alias "Mücke" drop matbruecht. Leider huet si hire Fils net méi gesinn. Samschdegmëttes war de Kevin nach bei sengem Papp op Besuch fir z'iessen.

De Carlo Weber war e gudde Kolleeg vum Kevin. "Hie war ewéi en zweete Papp fir eise Kevin", sou d'Elteren. "Déi ganz Gemeng Wëntger ass beréiert iwwert dem Kevin säin Doud. De Kevin hat seng Ecken a Kanten ewéi all Mënsch. Wann de Kevin ee gutt gebrauche konnt, war hien ëmmer fir een do. 'Teddybäerchen' hu mir hien dacks genannt. Wann hie mol gereizt war, war et en Challenge fir hien ze berouegen. Mir hunn dat awer ëmmer ganz gutt hikritt".
De Parquet vun Dikrech huet eng Autopsie ugefrot. D'Famill Rommes huet zu dësem Ament hire Jong nach net erëm a kennen d'Doudesursaach nach net. Zum Schluss vun eisem Gespréich seet mir de Papp vum Kevin nach, dass hien dacks zu senger Fra gesot huet: "Ech gi kucke wat de Kevin kniwwelt". Dee Saz bleift an Erënnerung.