Déidlechen Accident op der Féitsch37 Joer alen Automobilist stierft no Kollisioun mat Bam

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt um fréie Sonndeg de Moien en déidlechen Accident op der N12 tëscht Déierbech an der Féitsch.
Den Automobilist ass nach op der Plaz vum Accident gestuerwen.
© Domingos Oliveira

Kuerz no 7:30 Auer e Sonndeg ass op der N12 tëscht Déierbech an der Féitsch en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. De 37 Joer ale Lëtzebuerger Automobilist, deen eleng am Auto souz, huet dës Kollisioun net iwwerlieft.

Op der Plaz waren dem CGDIS no de Samu vun Ettelbréck sou wéi och Secouriste vu Clierf, Wanseler a Wëntger.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war och op d'Onglécksplaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO