
D'Police ass am Raum Näerzeng op der Sich no dräi Persounen, déi bei enger Verkéierskontroll geflücht sinn. Déi Verdächteg si warscheinlech ze Fouss ënnerwee.
Et ass den Appell vun der Police, keng Persoune mam Auto matzehuelen a verdächteg Persounen an där Regioun um 113 ze mellen.