
Beim suspendéierte Chirurg handelt sech ëm de Spezialist an der orthopädescher Chirurgie, den Dr Philippe Wilmes. Bis ewell hate mer säin Numm jo net genannt, mä säin Affekot ass no de Revelatiounen aus de leschten Deeg selwer mam Numm public gaangen. De Philippe Wilmes ass nieft senge Funktiounen als Dokter aktuell och Gemenge-Conseiller zu Leideleng a souz fir d’DP als Consultant an de Koalitiounsverhandlunge fir de Volet vun der Santé. Hien ass och fréiere Vize-President vun der Doktesch-Associatioun AMMD a Mat-Grënner vun enger Societéit, déi hannert dem net onëmstriddene Projet vun der “FindelClinic” steet.
Eis läit de ministeriellen Arrêté vir, deen d’Gesondheetsministesch Martine Deprez decidéiert huet, an deen op leschten Donneschdeg den 22. Januar datéiert ass. Mat dësem Arrêté kritt de viséierten Dokter effektiv fir dräi Méint seng Autorisatioun, fir als Dokter ze exerzéieren, entzunn. E bezitt sech ausschliisslech op d’Akten, déi mat senger Funktioun als orthopädesche Chirurg ze dinn hunn.
D’Ministesch bezitt sech an hirer Argumentatioun op eng ganz Rëtsch Consideratiounen, déi sech iwwer annerhallef Säiten zéien. Erausstécht virun allem e Saz, dass d’Reprochë fondéiert a plausibel wierken. Ënnert anerem geet aus de Consideratiounen ervir, dass de Collège médical schonn de 16. Dezember zejoert en Avis zu dëser Affär gemaach huet. En Datum, deen och de Parquet an engem Communiqué d’lescht Woch e Freideg confirméiert hat. No der Analys vun deem Dossier an de respektiven Dokumenter wier awer zeréckbehale ginn, dass dem Medezinner keng strofrechtlech Infraktioune kéinte reprochéiert ginn, hat de Parquet wësse gedoen. Et kéim deemno net zu strofrechtleche Suitten.
D’Ministesch schreift an hirem Arrêté awer, dass et e Verdacht géif ginn, dass Agrëffer vum Dokter qualifizéiert kéinte ginn als, Zitat: “Actes de nature mutilante”. Also als méiglech “Verstëmmelungen”. Dräi Dokteren - zwee Spezialisten an der Orthopädie an ee Spezialist fir d’Radiologie - hätten déi denoncéiert Faiten och bestätegt, schreift d’Ministesch weider.
De viséierten Dokter huet iwwregens ee Mount Zäit, fir Recours géint dee ministeriellen Arrêté ze maachen. Säin Affekot hat jo e Freidegmoie schonns wësse gedoen, dass déi partiell Suspendéierung vum Beruffsrecht vu sengem Mandant e grave Verstouss géint d’Grondprinzippie vun der Rechtsstaatlechkeet géifen duerstellen. Et wär eng willkürlech an disproportionéiert Decisioun, déi dauerhaft an onjustifiéiert de Ruff vum Dokter géif schiedegen. Dofir wëll een um Verwaltungsgeriicht géint d’Reprochen an d’Prozedure virgoen.
Den Dokter ass jo mëttlerweil och intern vun den Hôpitaux Robert Schumann (HRS) temporär suspendéiert. Wéi ëmmer gëllt d’présomption d’innocence. Dem Wort géintiwwer, déi den Arrêté och virleien hunn, sot den Affekot iwwerdeems, dass e Méindeg am Laf vum Dag de Conseil médical beienee komme soll, wou de concernéierten Dokter dann och selwer gehéiert gëtt.
Den Affekot vum Dokter huet sech mëttlerweil un d’Ministesch adresséiert a fuerdert, dass déi Suspensioun mat Effet immédiat zeréckgezu gëtt. Et géif sech op anonym Denonciatioune baséiert ginn, ouni dass den Dokter selwer sech hätt kënnen zu den deels grave Reprochen äusseren. Doriwwer eraus hätt de Parquet och matgedeelt, dass et keng strofrechtlech relevant Elementaren dëser Affär géif ginn. D’Decisioun, fir den Dokter via arrêté ze suspendéieren, wier dem Affekot no, carrement illegal.