
Géint 10:50 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi zu Schëffleng an der Cité Dominique Baum en Auto accidentéiert ass. Op der Plaz waren d'Schëfflenger Pompjeeën an d'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng.
Um 11 Auer krute sech dann an der Rue de Mersch an der Fiels zwee Autoen ze paken. Net manner ewéi véier Persoune goufen hei verwonnt. D'Pomjeeën aus der Fiels an d'Ambulancieren aus der Fiels an aus der Nordstad waren hei am Asaz.
Géint 13:10 Auer gouf et dann ee Blesséierte bei engem Accident tëscht zwee Autoen an der Rue Louis Rech zu Diddeleng. D'Diddelenger Pompjeeën an d'Secouriste vu Beetebuerg goufen op d'Plaz geruff.
Um16:25 Auer ass dann e Motocyclist op der RN27 tëscht Dierbech an der Gëbbelsmillen gefall. Hei gouf de Samu vun Ettelbréck geruff. Donieft waren d'Pompjeeë vu Buerschent an aus der Nordstad, grad ewéi d'Ambulanciere vun Ëlwen op der Plaz.