Wéinst Generalstreik a PortugalLuxair-Flich op Lissabon a Porto vum Mëttwoch sinn op en Donneschdeg verréckelt

RTL Lëtzebuerg
D'Ursaach ass weiderhin de fir e Mëttwoch annoncéierte Generalstreik a Portugal.
© AFP

Wéinst dem groussen Ëmfang vum Streik an der nach onsécherer operativer Situatioun a Portugal huet Luxair zesumme mat hire Partner d'Situatioun nei bewäert:

Lissabon a Porto – Flich op de 4. Juni verréckelt

Dës Flich, déi ursprénglech fir den 3. Juni geplangt waren, ginn elo de 4. Juni duerchgefouert:

  • LG 3751 Lëtzebuerg – Lissabon
  • LG 3752 Lissabon – Lëtzebuerg
  • LG 3769 Lëtzebuerg – Porto
  • LG 3770 Porto – Lëtzebuerg

Déi betraffe Passagéier ginn direkt informéiert a ginn automatesch op déi nei Flich ëmgebucht.

Update PDF Schreiwes Luxair

Faro a Funchal – Flich virgesinn wéi geplangt

D'Luxair-Flich vun a Richtung Faro a Funchal bleiwen aktuell am Fluchplang a solle wéi virgesinn den 3. Juni 2026 duerchgefouert ginn:

  • LG 785 Lëtzebuerg – Faro
  • LG 786 Faro – Lëtzebuerg
  • LG 771 Lëtzebuerg – Funchal
  • LG 772 Funchal – Lëtzebuerg

Trotzdeem si Verspéidungen a méi laang Waardezäiten op de betraffene Fluchhäfe méiglech. Sollt d'Situatioun sech änneren, ginn d'Passagéier direkt iwwer d'Kontaktdonnéeën informéiert, déi si bei hirer Buchung uginn hunn.

Luxair recommandéiert de Passagéier, sech op d'mannst dräi Stonne virum Depart um Fluchhafen ze sinn an déi lescht Informatiounen zu hirem Fluch ze kucken, ier si op de Fluchhafe fueren.

Back to Top
CIM LOGO