"Stroum muss méi bëlleg bleiwen ewéi Gas!" Am Zesummenhang mat der Tripartite huet de fréiere gréngen Energieminister Claude Turmes en Dënschdeg de Moien hei op RTL d'Regierung opgefuerdert, dat mat Subventioune fir déi nächst 3 bis 5 Joer ze garantéieren. D'Leit an d'Betriber missten eng Sécherheet hunn, datt sech d'Energietransitioun lount. Eng Wärmepompel misst méi gënschteg sinn ewéi eng Gas- oder Masuttsheizung an en Elektrocamion méi gënschteg ewéi den Dieselcamion.
"Si maachen net alles falsch", esou de Claude Turmes. D'CSV-DP Regierung huet d’Bedeelegung vum Staat an Héicht vun 150 Milliounen Euro un den Netzkäschten fir op d’mannst 3 Joer verlängert. Donieft huet de Premier Luc Frieden ugekënnegt, datt d'staatlech Prefinanzéierung fir Photovoltaikinstallatiounen op Elektroautoen a Wärmepompelen erweidert géing ginn. Dem Claude Turmes no géing säin Nofolger Lex Delles vun de selwechte Leit "gutt gebrieft" ginn.
De Claude Turmes war Energieminister wärend der Energiekris an der Suite vum russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain. Hien huet un engem Energiedësch an 3 Tripartitten deelgeholl an 3 Solidaritéitspäck an aner Mesurë mat ausgehandelt. Dësen Dënschdeg de Moien huet hien ewéi e Waasserfall Iwwerleeungen a Proposen opgezielt, fir op déi aktuell Kris ze reagéieren an an der Energietransitioun weiderzekommen.
An enger Rei Felder géing d'Regierung "träntelen".
Iwwerdeems vill Leit eng Wärmepompel wéilten installéieren, wier an der Haaptstad nach ëmmer verbueden, dat op der viischter Säit vum Haus ze maachen. Dat wéinst dem Kaméidi, woubäi de Claude Turmes drop higewisen huet, datt op der Areler Strooss souwisou Kaméidi ass, genee esou ewéi zu Bouneweg, wou ëmmer méi Fligere géingen driwwer fléien. Virun 3 Joer hätt hie mat der deemoleger Inneministesch Taina Bofferding Simplificatioune proposéiert, mee 3 Joer méi spéit wier näischt geschitt, well den aktuellen Inneminister Leon Gloden der Meenung wier, datt gréng Politik Quatsch wier.
Dann huet de Claude Turmes u seng Propos erënnert, fir e soziale Leasing fir Elektroautoen, wou Leit mat méi niddrege Revenue just 100 bis 150 Euro bezuelt hätten an de Staat de Recht. Hei wier et den aneren CSV-Minister, den Ëmweltminister Serge Wilmes, deen an 3 Joer näischt ënnerholl hätt. Och bei de Wärmepompelen hätten d'Enovos a Sudenergie nach kee Plang fir hire Clienten ze hëllefen, vum Gas ewechzekommen.
Mir hunn de fréieren Energieminister ënnerbrach, ewéi en nach d'Solarinitiativ am Handwierk erwäänt huet, well hien amgaange war, d’Format vum Interview zäitlech ze sprengen.
Méi fréi am Gespréich huet de Claude Turmes dann awer och nach erkläert, datt de Staat als Aktionär vum Grupp Encevo dem Energiegrupp eigentlech 200 bis 250 Milliounen Euro un Dividendë "geschenkt" hätt. Hien ass der Meenung, datt all déi Suen, déi de Staat gëtt, net méi zu 6,25 Prozent vergënschtegt ginn, mee just zu 2 Prozent, well een domadder d'Netzkäschte kéint reduzéieren.
De fréieren Energieminister huet och d'Aschätzung vum Encevo-Direkter Claude Seywert "net ganz" gedeelt en Dënschdeg de Moien. Dee sot virun zwou Wochen an nach emol d'lescht Woch hei op RTL, datt déi aktuell Kris eng Pëtrolskris wier an de Stroum dëst an d'nächst Joer net géing méi deier ginn. "Et ass och eng Gaskris", esou de Claude Turmes, deen der Meenung ass, datt ee géing "de Leit Sand an d'A streeën".
Déi gréisste Flësseggas-Fabrick, déi am Katar steet, wier zerstéiert ginn - bei Sudgaz wieren d’Gaspräisser schonn ëm 10% an d'Luucht gaangen. An Däitschland wieren d'Späicheren net gefëllt, esou datt elo deiere Gas misst akaaft ginn. Hien huet all déi Saachen opgezielt, fir zur Conclusioun ze kommen, datt spéitstens d'nächst Joer de Gaspräis massiv kéint klammen.
Da géing a sengen Aen net just d’Fermeture vun der Mieresenk vun Hormus eng Roll spillen, mee och d’USA, vun deenen d’EU an der Suite vum Ukrain-Krich e Véierel vu sengem Gas importéiert. Hei huet hie virum erateschen US-President Trump gewarnt an en 10 mol méi héije Gaspräis, wann den Trump géing decidéieren, Europa de Krunn zouzedréinen.
D'EU géing 2 Prozent vu sengem Pëtrolsverbrauch produzéieren an 3 Prozent vu sengem Gas. Beim Stroum wier et 100 Prozent an ëmmer méi dovunner duerch erneierbar Prozesser. Dowéinst wier d'Zukunft vun Europa elektresch.
Op Privates ugeschwat, sot de Claude Turmes, seng Walnéierlag am Oktober 2023 wier en haarde Schlag, “eng op de Bak”, gewiescht. Nodeems hie jorelaang probéiert hätt, de Klimaschutz virun ze bréngen.
Och den Doud vu sengem Papp hätt hien déif getraff. Meditatioun hätt him duerno vill gehollef.
Elo wier hien nees verstäerkt zu Bréissel a Saachen Energiepolitik aktiv, notamment, fir aner Politiker an Organisatiounen ze beroden. E Retour an d'national Politik “ass op d’mannst am Moment net mäi Plang”, esou de grénge Politiker.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.