
No de waarmen Temperaturen aus der leschter Woch gëtt et haut e bësse méi agreabel mat 18 bis 24 Grad, ma dofir ginn et haut och deels kräfteg Schaueren.
Lokal sinn Donnerwiedere méiglech, begleet vu staarkem Wand. Bis zu 70 km/h mellt Meteolux. Kachelmannwetter schléisst net aus, dass plazeweis och alt bis 80 km/h méiglech sinn.
An der Nuecht op e Mëttwoch ginn et Ufanks nach Schaueren, éier et da méi dréche gëtt, bei Temperaturen tëscht 9 a 14 Grad.