Éischt Reunioun vun der TripartiteEnergiepräisser a Kafkraaft erhalen, Inflatioun bremsen

Pierre Jans
Am Sennenger Schlass war en Dënschdeg déi éischt Reunioun vun der Tripartite, bei där d‘Regierung mat de Gewerkschaften an dem Patronat zesummekomm ass.
Den éischten Dag vun der Tripartite um Dënschdeg
Et goufe Mesuren diskutéiert, fir d‘Energiepräisser an domat d‘Inflatioun ze bremsen, an d‘Kafkraaft z‘erhalen

"Konstruktiv a respektvoll", esou hunn d‘Regierung an d‘Sozialpartner déi éischt Tripartitesëtzung am Sennenger Schlass beschriwwen.

Wärend d‘Revendicatiounen vun de Gewerkschaften an dem Patronat an och déi neiste Chifferen a Previsiounen vum Statec fir jiddereen ëffentlech gemaach goufen, fir e Maximum un Transparenz ze erméiglechen, huet d‘Regierung sech mat hiren eegene Propositiounen awer bedeckt gehalen.

De Premier Luc Frieden huet en Dënschdegowend an engem éischte Statement gesot, wärend der Reunioun wäre Mesuren diskutéiert ginn, fir d‘Energiepräisser an domat d‘Inflatioun ze bremsen, an d‘Kafkraaft z‘erhalen. Dat méiglecherweis iwwert Steiermesuren, esou de Premier. Och d‘Aarbechtsplazen sollen erhale bleiwen, an de Chômage bekämpft ginn. Donieft soll d‘Dekarboniséierung mat zousätzlechen Hëllefen bei Renovatiounen oder Bauten virugedriwwe ginn, fir d‘Ofhängegkeet vun de fossillen Energien ofzebauen. Weider hätt ee sech Gedanke gemaach, wéi een d‘Landwirtschaft kéint ënnerstëtzen, déi jo duerch massiv Präishausse bei Dünger geplot ass.

Pressekonferenz no der éischter Ronn vun der Tripartite
De Premier Frieden, d'Gewerkschaftspresidente Back an Dury an de Michel Reckinger hunn de Bilan no den éischte Gespréicher gezunn.

D‘Sozialpartner wëlle méiglechst séier virukommen. Virop den UEL-President Michel Reckinger huet betount, datt all Dag, dee verluer gëtt, d‘Inflatioun weider géif klammen. Fir all d‘Federatiounen an d‘Beruffstänn wär kloer: an engem Zenario, an deem méi ewéi zwou Indextranche bannent 12 Méint erfale géifen, wär d‘Stabilitéit vun de Betriber a Gefor. D‘Wirtschaft misst nees ugekuerbelt ginn, esou den UEL-President Michel Reckinger. En Deelaccord dës Woch wär scho positiv. De Luc Frieden huet annoncéiert, dass d‘Regierung bereet wär, dës Woch nach eng drëtt Reunioun z‘organiséieren.

D‘Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB war frou, dass hir Sujeten e Mëttwoch bei der zweeter Reunioun dru kommen: de Logement, de Mindestloun an och d‘Erhale vun den Aarbechtsplazen. Vun engem Accord wär een nach wäit ewech, esou d‘OGBL-Presidentin Nora Back, mä et géif an déi richteg Richtung goen. De Patrick Dury vum LCGB huet kommentéiert, dass zanter zwee an engem hallwe Joer net méi esou konstruktiv an enger Dräierronn diskutéiert gi wär.

Back to Top
CIM LOGO