Serie NuetsschichtNuets ass d'Schaffen am Hafen zu Mäertert méi geféierlech wéi am Dag

Rosa Clemente
Dat seet de Viraarbechter Sam Klein an erkläert, datt een nuets manner gutt gesäit an deemno méi séier fale kann. Alles an allem wier d'Luede vu Schëffer eng usprochsvoll, awer flott Aarbecht, déi am Fräie stattfënnt.
Serie Nuetsschicht: Am Hafen zu Mäertert
Nuets ass d'Schaffen am Hafen zu Mäertert méi geféierlech wéi am Dag

Den Hafen ass esou grouss wéi 21 Futtballfelder, 13 Krane stinn do, am Ganze schaffe ronn 120 Mataarbechter um Site.  Zwee dovu sinn de Sam Klein (Viraarbechter) an den Ingo Wendt (Kranführer).

D'Rosa Clemente an de Ken Fitzke hu si an hir Ekipp eng Nuecht laang mat der Kamera begleet an dobäi déi spektakulär Kuliss vum Hafen entdeckt, wann et dobausse bis däischter ass.

Portraite vu Leit, déi nuets schaffen

Dacks gi si eréischt aus dem Haus, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen. An der Serie "Nuetsschicht" stellt RTL iech reegelméisseg Leit fir, déi nuets schaffen an ouni déi villes am Land net géif lafen.

Back to Top
CIM LOGO