Krisereunioun vu Prolek MëllechbaueregenossenschaftBauere wéilten eng Molkerei beliwweren, déi lokal produzéiert

Michèle Sinner
E Méindeg den Owend waren d’Membere vun der Mëllechbaueregenossenschaft Prolek zu Jonglënster fir eng Krisesëtzung beieneen, nodeems Lactalis d’lescht Woch ugekënnegt hat, de Kontrakt nom nächste Mäerz net ze verlängeren.
© Ketty a Rom Hankes

Déi Annonce sëtzt hinnen nach an de Knachen.

"Fir d’éischt ass ee ganz staark ënner Schock, muss ech éierlech soen. A mat der Zäit fänkt ee réischt un, ze realiséieren, wat dat heescht. Et ware scho vill Nuechten ouni Schlof dobäi", esou de Christophe Ernster. Bal alleguerten d’Membere waren do.

De Frank Daleiden seet: "D’Stëmmung war gedréckt, mee ganz korrekt. Si hunn hir Froen gestallt. Mee dir stoungt hei ënnen, dir hutt net vill héieren."

De Comité huet all Froe beäntwert, esouwäit dat méiglech war, esou de President Vic Wirtz no der Reunioun. Hie bleift dobäi, datt d'Genossenschaft wäert versichen, geschlossen en Abnehmer ze fannen.

"D’Eenheet ass ganz grouss, déi gëtt zu kengem Moment a Fro gestallt."

D'Bauere sinn optimistesch. Dat musse si an hirem Beruff, soen si. Mee de Vic Wirtz ass kloer: "Et geet ëm d'Existenz vun 68 Betriber. Wuertwiertlech ëm d'Existenz."

Chômage ass fir dee Fall hei net virgesinn, gëtt de Frank Daleiden ze bedenken, op dës Decisioun kënnen d'Betriber och keen Afloss huelen, andeems si d'Qualitéit vun hirer Mëllech verbesseren. Dobäi maache si konsequent Investitiounen.

"Ech hunn deemools zwee Melkroboter kaaft. An e Mëllechtank an de Stall mat 60 Kéi vergréissert. An do ware mer bal bei der Millioun. Da kréie mer zwar Ënnerstëtzung, mee dat bleift en décke Pak Reschtschold. Wann ee lo keng Mëllechpai méi kritt, ass déi Reschtschold net ze bezuelen."

Am léifsten hätt hien, datt Prolek eng Molkerei kéint beliwweren, déi lokal produzéiert, well déi dann net esou séier géing delokaliséieren.

"Am léifsten eng Genossenschaft, wou ee sech muss akafen, mee wou ee mat dran ass."

Och de Christophe Ernster géif sech eng Solutioun wënschen: "Wou mer eng Molkerei hunn, wou ee längerfristeg kann zesummeschaffen. Och ech hunn e klenge Bouf doheem, dee sech fir de Betrib interesséiert. An et ass natierlech schued, wann een de Betrib kritt huet an et géif een deen och gäre weider ginn. An dat mat alle Moyenen, déi och mir deemools zur Verfügung gestallt kruten."

Si hoffen, datt nach e bësse Sputt mam Delai ass – a Frankräich hat Lactalis de Baueren zwee Joer Zäit ginn, fir eng Solutioun ze sichen. Fir déi ze fannen, doru schafft de Comité vu Prolek op jiddwer Fall intensiv.

E Méindeg hat d'Genossenschaft och d'Landwirtschaftsministerin Martine Hansen gesinn. Si wëllt préiwen, wéi d'Regierung de betraffene Bauere kann hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO