Livestream géint 18 AuerPressekonferenz mam Luc Frieden no weiderer Tripartite-Ronn

RTL Lëtzebuerg
De Premier Luc Frieden informéiert iwwer den Ausgang vun der nächster Verhandlungsronn tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften a stellt sech de Froe vun der Press.

Am Sennenger Schlass war en Dënschdeg déi éischt Reunioun vun der Tripartite, bei där d‘Regierung mat de Gewerkschaften an dem Patronat zesummekomm ass. "Konstruktiv a respektvoll" ass déi Renconter vu béide Säite beschriwwe ginn.

D‘Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB war frou, dass hir Sujeten e Mëttwoch bei der zweeter Reunioun dru kommen: de Logement, de Mindestloun an och d‘Erhale vun den Aarbechtsplazen. Vun engem Accord wär een nach wäit ewech, esou d‘OGBL-Presidentin Nora Back, mä et géif an déi richteg Richtung goen. De Patrick Dury vum LCGB huet kommentéiert, dass zanter zwee an engem hallwe Joer net méi esou konstruktiv an enger Dräierronn diskutéiert gi wär.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO