Et geet ëm d’Sécherheet vum Patient. An et gëtt hei net eng Konkurrenz tëscht zwee Spideeler oder zwee Servicer. Dat war ee Constat am Gespréich mat den zwee Spidolsdirektere vu CHL an HRS en Dënschdeg de Moien. D’Generaldirektesch vum CHL Dr Martine Goergen an de Generaldirekter vun HRS Dr Marc Berna waren eis Invitéen am Kontext vun der Affär ronderëm den Dr Philippe Wilmes.
Dem Orthopäd gëtt virgeworf onnéideg Knéi-Operatiounen duerchgefouert ze hunn. Nom Motto, de Patient gouf mat de Kräizbänner operéiert an dat wär déi falsch Indikatioun gewiescht, also de falsche Grond.
Den Dr Marc Berna ass Ugangs Januar duerch e Bréif vun der Dr Goergen vun de Reproche gewuer ginn. Sechs Dokteren aus dem CHL haten un hir Direktesch geschriwwen, well hinnen zanter Joren eng Rei Fäll opgefall ginn, wou si d’Indikatioun vun der Operatioun a Fro gestallt hunn. Déi Patiente goufen all vum Dr Wilmes operéiert. Et géifen elo iwwer 25 konkret Fäll ginn.
Den Dr Wilmes ass bis dëst Joer net negativ opgefall, huet den Dr Berna präziséiert. Jo, hien hätt eng grouss operativ Aktivitéit. Mä dat u sech wär net aussergewéinlech.
Déi sechs Dokteren, déi den Dr Wilmes gemellt hunn, wiere renomméiert Fachleit. Si hätt déi Signalementer net kënnen ignoréieren an hätt och eng deontologesch Pflicht, huet d’Dr Goergen erkläert, zum Wuel vun de Patienten. D’Meldunge ware schlëmm genuch, fir datt si se un de Collège médical weider ginn huet. Mam HRS-Generaldirekter a Kopie. Et géing hei net drëms goen, ob de Philippe Wilmes e gudden oder schlechten Dokter ass, mä, ob hien déi richteg Operatiounen zum richtegen Ament gemaach hätt. Doriwwer misst sachlech diskutéiert ginn. Och mat neutralen Experten.
Béid Invitéeën hunn och ënnerstrach: Hei wier keng Konkurrenz tëscht zwee Spideeler oder Servicer. Et wär net Salariatsdoktere géint liberal Dokteren. Mä et géing ëm d’Qualitéit vun der Prise en charge an ëm d’Sécherheet vum Patient goen.
De Concernéierte selwer kënnt en Dënschdeg den Owend op der Tëlee zu Wuert. Dann ass den Dr Philippe Wilmes Invité am Journal.
En Dënschdeg de Moie war d’Affär Wilmes Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.