Invité vun der Redaktioun (4. Februar) - Martine Deprez"Mir hunn d'Gesetz applizéiert"

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war d'Affär Wilmes Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Martine Deprez
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Invité vun der Redaktioun (4. Februar) - Martine Deprez

Mir hunn d’Gesetz applizéiert a wollte Patiente schützen. Dowéinst hu mer déi Deel-Suspendéierung vum Dokter decidéiert. Dat sot d’Gesondheetsministesch Martine Deprez e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.

Grënn fir d’Suspendéierung

D’Ministesch krut vum Collège médical proposéiert, den Dokter provisoresch ze suspendéieren. Deen éischte Bréif krut si am Dezember. Et gouf verschidde Signalementer, datt den Dokter “Saache gemaach hätt, déi net hätte gemaach musse ginn”, datt zum Beispill d’Kräizbänner operéiert goufen, obwuel déi net de Problem waren. Et géif hei net ëm dat ganzt Schaffe vum Dokter goen. Si hätt sech un den Dossier gehalen an dat gemaach, wat d’Gesetz virgesäit. Dat ass déi Suspendéierung vun dräi Méint fir chirurgesch Agrëff. Et hätt ee wëlle verhënneren, datt nach weider Patienten operéiert ginn, wou et net néideg gewiescht wier. Well “Gefahr im Verzug”, war, hätt ee gehandelt. Den Dokter däerf awer weider consultéieren a Patiente gesinn. Hien hätt sech och kënnen an de Ministère erkläre kommen.

En Dënschdeg den Owend war den Dr Wilmes bei eis op der Tëlee am Interview an huet do all Feelverhalen ofgestridden. Zanter 2013 hätt hie 5.500 Operatioune gemaach. Seng Indikatioun wär ëmmer richteg gewiescht an all OP néideg. Den Dokter schwätzt vun enger geziilter Attack. Et wär eppes amgaangen, wat dorobber ofziilt, säi Ruff ze zerstéieren, sou seng Ausso.

Reaktioun op Verschwörungstheorien

Politesch Hannergrënn, d’Findel-Klinik, déi den Dr Wilmes mat plangt, oder och, datt den Dokter de Brudder vun hirem Ministerkolleeg Serge Wilmes ass, dat alles hätt keng Roll gespillt bei der Suspendéierung, huet d’Martine Deprez verséchert. Si war och frou, datt si an der Chamberkommissioun Verschiddenes sachlech konnt erklären, wat bis dohinner op der Place publique diskutéiert gouf. De Ministère huet de Fall net ëffentlech gemaach an och net den Numm.

Premier Luc Frieden steet hannert der Ministesch

De Reproche vun Amtsmëssbrauch (am oppene Bréif vum Dr Wilmes un de Premier) léisst si net gëllen. Si huet ënnerstrach, datt de Premier Frieden genee informéiert wier an hannert hir géif stoen. Datt de Brudder Regierungsmember wär, géif och keng Roll spillen. Elo missten Experten déi verschidde Signalementer géint den Dr Wilmes analyséieren. De Ministère nennt een Expert, den Dokter en aneren, an déi zwee Experten zesumme musse sech dann iwwert en drëtten Expert eens ginn. Déi kréien da 6 Wochen Zäit, fir hir Expertisen ze maachen. De Collège médical wär och am gaangen, akribesch ze schaffen an do kéint et nach dës Woch zousätzlech Informatioune ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO