
De Parquet huet Detailer zu engem Accident mat Farerflucht kommunizéiert, zu deem et an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch um Briddel komm ass.
En Auto hat do an der Lëtzebuerger Strooss e Luuchtepotto ze paken kritt, ma de Chauffeur ass weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. En Zeien hat dat Ganzt awer gesinn an op Grond vu sengen Aussoen konnt de schëllege Mann kuerz drop och vun der Police gepëtzt ginn. Hie war, sou schreift et de Parquet, an engem alkoholiséierten Zoustand an och den Drogentest war positiv. Derbäi kënnt, dass hien ni e valabele Fürerschäin hat an och schonn an der Vergaangenheet méi dacks wéinst Verstéiss géint de Code de la route opgefall war.
Op Uerder vum Parquet gouf hien dowéinst verhaft a koum virun en Untersuchungsriichter. Deen huet e Mëttwochowend dunn e “contrôle judiciaire strict” gesprach, wat u verschidden Oplage gebonnen ass, un déi de Mann sech elo muss halen.
De Parquet erënnert drun, dass d’Stroosse-Sécherheet och fir d’Justiz iewescht Prioritéit hätt an een do näischt géif toleréieren.