Grand-EstCGDIS huet 4 Patienten op Lëtzebuerg transferéiert

RTL Lëtzebuerg
Well et net genuch Better am Grand-Est gëtt, gi véier Patienten elo zu Lëtzebuerg behandelt.
© Twitter CGDIS

De Jean Rottner, President vum Regionalrot vum Grand-Est, huet via Twitter Lëtzebuerg Merci gesot, dass weider 4 Patiente vu Mulhouse aus op Lëtzebuerg transferéiert kënne ginn, fir hei op d’Intensiv-Statioun ze kommen.

Den Adjoint vum Buergermeeschter vu Moulhouse am Elsass schwätzt vun engem onschätzbare Support an enger effektiver grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht.

D’Spideeler am Grand-Est vu Frankräich si jo weiderhin iwwerfëllt, a virun allem op den Intensiv-Statiounen gëtt et net genuch Better, respektiv feelt et u genuch Spidolspersonal, fir sech ëm déi ganz vill Patienten ze këmmeren.

Bis ewell waren schonns 7 Patienten aus dem franséische Grenzgebitt a Lëtzebuerger Spideeler transferéiert ginn. Eng Persoun dovu war un de Suitte vun der Infektioun hei am Land gestuerwen.

Schonn den 29. Mäerz hat de Rottner den Nopeschregiounen an Nopeschlänner fir hir Ënnerstëtzung Merci gesot.

De CGDIS war um Mëttwoch Responsabel fir den Transport vun de 4 Patienten op Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO