D'Pride, d'Stroossefest fir d'Rechter vun der LGBTIQ+-Communautéit kënnt dëst Joer nees zréck an d'Haaptstad. Virum kréinenden Ofschloss vun der "Pride Week" war e Freideg de Moien den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg a Member vum Organisatiounsteam eisen "Invité vun der Redaktioun".
De Retour an d'Stad wier op alle Fall e relativ groussen Challenge fir déi ganz Ekipp, sou eisen Invité. D'Pride hätt sech verännert, wier méi grouss ginn. An der Haaptstad erhofft ee sech elo nach méi Leit. Datt d'Pride déi lescht Zäit zu Esch war, huet de Comitésmember domadder erkläert, datt d'Minettsmetropol den Organisateure méi Planungssécherheet ginn hätt a si méi ënnerstëtzt hätt, wéi d'Stad Lëtzebuerg. Mat Esch hätt een déi lescht Jore schonn eng Konventioun gehat, déi et erlaabt hätt, grouss ze ginn a sou vill Evenementer ronderëm d'Pride Week z'organiséieren. Vun elo u soll d'Pride dann ofwiesselnd an der Stad an zu Esch organiséiert ginn.
D'Konventioun an Héicht vun 250.000 Euro, déi d'Stad Lëtzebuerg dëst Joer mam Organisatiounsteam ënnerschriwwen huet, gëtt virun allem vun der ADR Stad kritesch hannerfrot. D'Lokalsektioun huet déi lescht Deeg op Facebook Stëmmung géint den Event gemaach. 250.000 Euro fir eng Parad, wou op der anerer Säit Leit keng Wunnenge géife fannen.
Hei géif probéiert ginn, Mënsche géinteneen auszespillen, bedauert de Vertrieder vum Organisatiounsteam vun der Pride. Den Andy Maar huet präziséiert, datt de Montant vun 250.000 Euro net nëmme fir d'Marche virgesinn ass, mä déi ganz Organisatioun vun der Pride-Woch ofdecke géif. Dobäi géif de ganzen, opwännege Sécherheetsaspekt mol guer net drënner falen.
D'Pride wier wuel politesch, sou den Andy Maar. Mä anescht wéi d'ADR et wéilt duerstellen. Et géif net ëm eng politesch Ideologie goen, mä u sech nëmmen ëm Mënscherechter. Déi "eenzeg Grupp, déi ideologesch virgoe géif", dat wier d'ADR, fënnt eisen Invité vun e Freideg. Datt eng Partei wéi d'ADR Haasskommentaren ënnert hire Publikatiounen um Internet stoe léisst wier "grob fahrlässeg". No der Verwarnung vum Deputéierten Tom Weidig wéinst engem queerfeindleche Post, géif et elo awer "riicht virugoen". Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup hat virun e puer Deeg vill negativ Reaktioune provozéiert, wéi e Persounen als "Freake" bezeechent huet. Dat wier eng geféierlech Entwécklung, déi een net onkommentéiert stoe loossen dierft.
Den Andy Maar kann novollzéien, datt et Leit gëtt, déi d'LGBTIQ+ Beweegung net verstinn, déi bei den Ofkierzungen den Iwwerbléck verluer hunn. Am "Rainbow-Center" an der Stad kéint awer jidderee laanschtkommen, fir Froen ze stellen an och fir iwwer kritesch Sujeten ze schwätzen. D'Diere wieren ëmmer op. An och d'Pride wier eng gutt Geleeënheet fir mat der queerer Communautéit an d'Gespréich ze kommen. Et géif net drëms goen, sech ofzeschotten.
D'Pride wier eng Invitatioun un d'Gesamtgesellschaft, fir dat "faarwegt Zesummeliewen ze feieren".
Politesch gesinn huet Lëtzebuerg scho vill gemaach fir Diskriminatiounen ze bekämpfen. Mä de Grand-Duché stagnéiert awer am internationale Verglach. Zanter 2018 hätt et keng signifikativ Fortschrëtter ginn, fënnt och den Andy Maar. Dee gréisste Besoin gesäit Rosa Lëtzebuerg ënnert anerem am Ëmgang mat Trans- an Intersex-Persounen.
E Freideg de Moie war d'Pride Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.