Den André Prüm gëtt Doyen faisant fonction vun der Fakultéit fir Droit, Economie a Finanzen (FDEF) vun der Uni Lëtzebuerg. Dat huet de Recteur Jens Kreisel e Mëttwoch matdeele gelooss, deen deemno no sengem laange Krankeschäin nees zréck ass.
Déi viregt Doyenne Katalin Ligeti hat Enn Abrëll demissionéiert. Déi lescht Méint war si wéinst verschiddene Virwërf ënner Drock geroden, dorënner déi schlecht Handhabung vun Interessekonflikter beim Rekrutement vun neiem akademesche Personal vun der Fakultéit. Respektiv war hir och virgeworf ginn, si hätt versicht, bei de leschte Wale fir de Conseil universitaire d'Vertrieder vun de Studenten ze beaflossen.
Déi Virwërf huet d'Katalin Ligeti vis-à-vis vun RTL ofgestridden. Den André Prüm war schonn emol vun 2005 bis 2012 Doyen vun der Fakultéit. Hie soll elo an engem "kollegialen a konstruktive Kader" de Prozess geréieren, fir am Hierscht en neien Doyen oder eng nei Doyenne ze wielen.