CGDIS mellt 10 Asätz wéinst BrännAn der Nuecht op e Méindeg huet et an enger Industriehal zu Zolwer gebrannt

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS ware vun e Sonndeg op e Méindeg wéinst enger ganzer Partie Bränn am Asaz.
© Marc Hoscheid

Kuerz viru 4 Auer an der Nuecht op e Méindeg huet an der Rue Gadderscheier zu Zolwer eng Industriehal gebrannt. Am Asaz fir d'Feier ze läschen, waren d'Pompjeeë vum Zenter SaDiff, vu Péiteng a vu Käerjeng. Och d'Ambulanciere vum Zenter SaDiff waren op der Plaz, et gouf awer keng Persoun beim Brand blesséiert.

E Sonndeg den Owend waren d'Ekippe vum CGDIS iwwerdeem 9 Mol am Asaz wéinst Bränn. Ënnert anerem hat Gréngs gebrannt, e Container, eng Poubelle an eng Eisebunnsschwell. Zu Esch um Boulevard Kennedy hat et ausserdeem an engem Haus gebrannt.

Um CR106 tëscht Koler an Héiweng hat et dann nach op engem Feld gebrannt. Wéi den DP-Deputéierte Luc Emering bei e Video vun der Plaz schreift, hätt hei kënnen "dat Schlëmmst" verhënnert ginn. Hie rappeléiert an deem Kontext nach emol, "keng Zigaretten op de Buedem" ze geheien "an net mam Auto an d'Stécker" ze fueren. An deem hei Fall waren d'Pompjeeë vu Koler, Kielen, Monnerech a Stengefort op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Mamer.

De CGDIS mellt dann och nach een Accident e Sonndeg géint 19:40 Auer um CR157 tëscht Alzeng a Réiser. Hei war e Motocyclist gefall, gouf dobäi awer net blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Hesper an d'Ambulanciere vu Mamer.

Back to Top
CIM LOGO