Nei ambulant medezinesch AntennenAMMD gesäit Gesetzprojet éischter kritesch

Claude Zeimetz
D'Santésministesch Martine Deprez hat e Mëttwoch de Projet vun neien ambulante Cabineten der Ëffentlechkeet eng éischte Kéier virgestallt.
© Envato Lelia_Milaya

D'AMMD gesäit de Gesetzprojet vun neien ambulante medezineschen Antennen, deen e Mëttwoch vun der Santésministesch Martine Deprez presentéiert gouf, éischter kritesch. D'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun begréisst zwar, datt endlech eppes um Dësch läit, mä et géife vill oppe Froe bleiwen, sot de President vun der AMMD Chris Roller en Donneschdeg am RTL-Owesjournal.

Den AMMD-President Chris Roller am RTL-Interview

De Gesetzprojet wier ganz komplizéiert geschriwwen a villes wier nach onkloer. Zum Beispill beim Finanzement a bei der Matbestëmmung. E richtege "virage ambulatoire" stellt sech déi liberal Dokterschaft all Zäit anescht wier. Hei wier villes éischter vun de Spideeler gereegelt an alles programméiert.

Wat d'Konventioun mat der CNS betrëfft, sou ass deen Dossier den Ablack an der Mediatioun.

D'Santésministesch Martine Deprez hat e Mëttwoch de Projet vun neien ambulante Cabineten der Ëffentlechkeet eng éischte Kéier virgestallt. An dëse Praxissen, déi duerch den Agrément un e Spidol gebonne solle sinn, sollen an Zukunft kënne kleng Interventiounen un den Aen an der Haut gemaach an och Dialyse - a Kriibspatienten en charge geholl ginn.


Liest heizou och

Back to Top
CIM LOGO