Méi ambulant Behandlungen, nei Doktesch-Gesellschaften an eng Versuergung méi no beim Patient: D'Regierung wëll mam Gesetzesprojet 8760 de Gesondheetssystem moderniséieren an d'Spideeler entlaaschten. Wat soen déi salariéiert Spidolsdokteren dozou? Féiert de Projet zu méi Effizienz oder riskéiert en, d'Spideeler ze schwächen? Doriwwer schwätze mer en Donneschdeg de Moin mat der Presidentin vun der Associatioun vun de Spidolsdokteren. D'Dokter Monique Reiff ass kuerz no 8 Auer eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.