
Méi no, méi séier a méi effikass: Dat versprécht den neie Gesetzprojet 8760, mat deem d'Regierung de sougenannte "Virage ambulatoire" weider ausbaut. Nieft de Spidolsantenne kënnen an Zukunft och nei ambulant Cabineten entstoen, déi vu Medezinner selwer initiéiert ginn.
Dat huet d'Santésministesch Martine Deprez e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz erkläert. Do sollen ënner anerem kleng chirurgesch Agrëffer, Dialyse- oder Onkologieservicer ugebuede ginn, awer keng Imagerie médicale.
Dës nei Strukture mussen obligatoresch mat engem Spidol konventionéiert sinn a streng Qualitéits- a Planifikatiounsreegele respektéieren. D'Dokteren, déi do schaffen, sollen dann och an de System vun de Garde mat agebonne ginn, fir z'assuréieren, dass keng Konkurrenz entsteet.
D'Ministesch betount, et wier keng Privatiséierung vum Gesondheetssystem, well ee géing sécherstellen, dass keen externe Finanzacteur mat am Spill wier. Zil wier et einfach, d'Versuergung méi no beim Patient z'organiséieren an d'Spideeler ze entlaaschten.
Nieft dësem Kärstéck gesäit de Gesetzesprojet och nei Kompetenz-Reseaue vir, ënner anerem fir Long Covid, Endometriose, Menopause an Troubles de neuro-développement bei Jonken. Donieft kritt an Zukunft all Spidol d'Méiglechkeet, een Infektiolog anzestellen.