Semaine de la santé de la femmeEndometriose – eng onsiichtbar Krankheet mat groussem Impakt

Lisa Weisgerber
Staark Péng, Middegkeet, Problemer am Alldag an heiansdo souguer Onfruchtbarkeet: Endometriose ass eng chronesch Krankheet, déi weltwäit Millioune Frae betrëfft. Trotzdeem dauert et dacks Joren, bis dass den Diagnostik steet.
Schätzunge vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no ass ongeféier eng vun 10 Fraen am reproduktiven Alter vun Endometriose betraff.

Bei der Endometriose wiisst Gewebe, dat der Schläimhaut vun der Gebärmutter gläicht, ausserhalb vun der Gebärmutter. Dës Läsioune kënne sech op den Eeërstack, den Eeleederen, dem Daarm, der Blos, mee och op de Longen entwéckelen.

Dëst féiert zu Entzündungen, Verwachsungen a staarker Péng.

D'Sylvie de Mattos lieft selwer mat der Krankheet. Bei hir hunn d'Symptomer schonn a jonke Joren ugefaangen. Si kämpft mat immens staark Bauchwéi, déi bis an de Réck kënnen zéien.

Heiansdo ass d'Péng esou intensiv, datt si net méi opstoe kann, oder souguer um Buedem zesummegebrach ass. Zousätzlech ka si ënner engem staark opgeblosene Bauch leiden.

Wéi bei villen anere Frae goufen hir Symptomer am Ufank net eescht geholl. Dacks goufen d'Péng op Stress oder aner Alldagsproblemer zeréckgefouert.

Eréischt vill méi spéit krut si déi definitiv Diagnos Endometriose.

Genee dat ass ee vun de grousse Problemer vun der Krankheet. Well d'Symptomer vu Fra zu Fra staark variéieren, dauert et dacks Joren, bis déi richteg Diagnos gestallt gëtt.

Fachleit beschreiwen d'Endometriose heiansdo als de "Chamäleon vun der Gynekologie", well si sech op ganz verschidde Manéiere ka weisen. Verschidde Patientinne leiden ënner staarker Péng, obwuel net esou vill Läsioune festgestallt ginn, wärend aner Fraen eng schwéier Form vun der Krankheet hunn, awer nëmme wéineg Symptomer spieren, erkläert den Dokter Marc Stieber, Gynécologue-obstétricien.

Endométriose - Eng Krankheet, ënnert där vill Frae leiden
Et gouf eng Konferenz organiséiert, fir besser iwwert déi Krankheet z'informéieren.

Nieft de kierperleche Problemer beaflosst d'Endometriose och d'Beruffs- an d'Privatliewen. Vill Betraffe mussen trotz Péng schaffe goen oder reegelméisseg Medikamenter huelen.

Dobäi kënnt, datt d'Ëmfeld d'Krankheet net ëmmer versteet oder eescht hëlt. Vill Frae beschreiwen e Gefill vun Isolatioun a kee grousst Versteesdemech vu Frënn, Famill oder souguer Kolleegen.

Och d'Fertilitéit kann duerch d'Krankheet beaflosst ginn. Medezinesch Etüde weisen, datt ongeféier 25 Prozent vun de Fraen, déi onfruchtbar sinn, och un Endometriose leiden.

Den Dokter Marc Stieber erkläert: "D'Krankheet kann d'Funktioun vun den Eeleederen an den Eeërstäck beaflossen an et doduerch méi schwéier maachen, schwanger ze ginn. Trotzdeem bedeit eng Diagnos Endometriose net automatesch, datt eng Fra keng Kanner ka kréien.

D'Sylvie de Mattos ass selwer Mamm vun zwee Kanner a wëll domat anere Betraffenen Hoffnung maachen.

Eng vun 10 Frae betraff

Schätzunge vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no ass ongeféier eng vun 10 Fraen am reproduktiven Alter vun Endometriose betraff. Dat entsprécht ronn 190 Millioune Fraen a Meedercher weltwäit.

Och zu Lëtzebuerg geet een dovun aus, datt ronn 10 Prozent vun de Fraen am gebärfäegen Alter betraff sinn, obwuel et keng offiziell national Statistik iwwer déi genee Unzuel vu Patientinne gëtt.

D'Thema kritt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Opmierksamkeet. Am Joer 2024 huet eng Petitioun fir méi Flexibilitéit op der Aarbechtsplaz fir Frae mat Endometriose genuch Ënnerschrëfte gesammelt, fir an der Chamber diskutéiert ze ginn.

D'Endometriose war och Thema wärend der éischter Editioun vun der "Semaine de la Santé de la Femme". D'Santé schafft aktuell un engem "Réseau de compétences", deen d'Patientinne vum Diagnostik bis bei d'Behandlung besser begleede sollt, erkläert d'Gesondheetsministesch Martine Deprez.

D'Zil ass et, d'Erkennung vun der Krankheet ze verbesseren an de Betraffenen eng méi koordinéiert Betreiung unzebidden.

Fir vill Fraen ass et dofir wichteg, datt iwwer d'Krankheet geschwat gëtt, an datt Symptomer wéi extreem Reegel-Péng net als "normal" ofgedoe ginn.

Wéi d'Sylvie de Matos et ausdréckt: "Et ass net, well een Endometriose huet, datt een net ka liewen."

Mat méi Opmierksamkeet, Versteesdemech an Ënnerstëtzung kann de Wee fir vill Betraffen e bësse méi einfach ginn.

D'Santé schafft aktuell un engem "Réseau de compétences", deen d'Patientinne vum Diagnostik bis bei d'Behandlung besser begleede sollt, erkläert d'Gesondheetsministesch Martine Deprez.
© Lisa Weisgerber

Back to Top
CIM LOGO