"Esou eppes hate mer nach ni bis elo"71 Wilmes-Dossiere bei der Patientevertriedung

Ryck Thill
Ëmmer, wann Neies iwwer d'Affär Wilmes erauskënnt, schelle bei der Patientevertriedung d'Telefonen an nei Dossiere kommen eran.
71 Wilmes-Dossiere bei der Patientevertriedung
Déi dräi fir d'Traitement responsabel Mataarbechter vun der Patientevertriedung kruten an dëser Affär esou vill Dossieren, wéi dat bis ewell nach ni de Fall war

D'Patientevertriedung ass aktuell eng wichteg Ulafstell an der Affär Wilmes. Bis ewell hu si 71 Dossiere kritt vu Patienten, déi mat der Aarbecht vum suspendéierten Orthoped net zefridde sinn. D'Responsabel ginn dovun aus, datt d'Affär nach Jore wäert daueren.

D'Dossiere sinn an de leschten Deeg a Wochen erakomm. Si betreffen all dee selwechten Dokter: den orthopädesche Chirurg Philippe Wilmes. Esou vill Dossieren an enger eenzeger Affär, dat ass aussergewéinlech.

"Esou eppes hate mer wierklech nach ni bis elo an ech si lo 19 Joer mat dobäi", seet d’Michèle Delbrassinne-Wennmacher, Psychologin bei der Patientevertriedung. "71 Dossieren, dat ass schonn enorm. Et muss een och bedenke, mir sinn zu dräi, déi d'Dossiere kucken."

Am Schnëtt brauch e Mataarbechter véier Deeg, fir sech an en Dossier anzeschaffen an en ze behandelen. Vill Demandë sinn eréischt komm, nodeems d'Affär ëffentlech ginn ass.

"Wéi d'Affär ugefaangen huet, hu mer et wierklech gemierkt, well den Telefon huet net méi opgehale mat schellen. Mir mierken och elo, wann ëmmer rëm eng Kéier eppes an de Public geet, hu mer rëm méi Telefonsuriff", esou d’Michèle Delbrassinne-Wennmacher.

D'Patientevertriedung hëlleft de Betraffenen, fir komplett Dossieren zesummenzestellen, erkläert de Georges Clees: "Si mussen hiren Dossier am Spidol ufroen, deen a Relatioun domadder ass. Duerno sollen déi Betraffen d'CNS kontaktéieren. Dat heescht, dass se do alles ufroen, vu sechs Méint iert se operéiert gi sinn, bis alles, wat duerno passéiert ass, well een do eben dann och wierklech de Suivi ka kucken".

Zousätzlech bitt d'Patientevertriedung eng éischt juristesch Berodung un. An der Affär Wilmes goufen et bis elo dräi Informatiounsversammlunge mat der Affekotin, un deene Patienten deelgeholl hunn.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO